Joseph Hurt

Vu Wikipedia
Joseph Hurt
Gebuer 13. August 1892
Gréiwemaacher
Gestuerwen 25. Mäerz 1962
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique d'Echternach
Aktivitéit Historiker, Schrëftsteller, Paschtouer

De Joseph ("Jos") Hurt, gebuer den 13. August 1892 zu Gréiwemaacher an och do de 25. Mäerz 1962 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Maacher an dem Iechternacher Kolléisch gouf de Jos Hurt Geeschtlechen. Hie gouf de 14. Juli 1918 geweit a koum als Kaploun a seng Heemechtsuertschaft. Weider Statioune vu senger Karriär als Priister waren Esch-Uelzecht, de Rollengergronn, Hamm (Paschtouer), Wolz, de Kiischpelt, Uespelt an um Enn Maacher (1. September 1958 bis + 1962).

Als Historiker huet de Jos Hurt (mam Victor Neuens an dem Max Goergen[1]) 1926 d'Revue Jonghémecht gegrënnt a Studie publizéiert iwwer lokalgeschichtlech a méi reliéis gefierft Theemen (sou am Luxemburger Wort, Luxemburger Marienkalender, Letzeburger Sonndesblad, Uuchtkalenner, asw.).

A senger Zäit als Paschtouer am Kiischpelt huet hie vun 1948 bis 1950 zesumme mam Max Goergen déi Kiischpelter Fräiliichtspiller, D'Kiischpelter Donatispill zu Pënsch, D'Kiischpelter Spill vum wölle Grof zu Wëlwerwolz an D'Kiischpelter Spill vun den dréi Kräizer zu Äischer, geschriwwen an organiséiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hamm und seine Kirche im Wandel der Jahrhunderte ; Lëtzebuerg, 1937.
  • Fresko-Malerei in der Pfarrkirche von Pintsch ; Lëtzebuerg, 1952.
  • Kreuzerberg und Kreuzkapelle bei Grevenmacher ; Gréiwemaacher (Drock: Impr. Paul Faber), 1956.
  • Aus dem Bürgerbuch der Stadt Grevenmacher - Hausses de la Ville de Grevenmacher 1763-1780 ; in: T Hémecht, Jg. 12 (1959), Heft 2; Ss. 97-133.
  • Der Stadtturm von Machern ; in: Ville de Grevenmacher - 125e Anniversaire de l'Harmonie municipale Grevenmacher 1834-1959 - Livre d'Or ; Lëtzebuerg (Drock: Bourg-Bourger), Juni 1959; Ss. 61-77. N.B.: Am 'Sommaire' vun dëser Publikatioun heescht deen Artikel anescht, an zwar: Der alte Wachturm von Maacher erzählt.
  • Zur Vorgeschichte von Machern - Von der angeblich ersten Erwähnung (634) bis zur Stadtbefreiung (1252) ; in: T Hémecht, Jg. 11 (1958), Heft 4; Ss. 62-84.
  • Die Pfarrkirche von Grevenmacher - Geschichte und Geschicke ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 20. Dezember 1958.
  • Diekirch-Grevenmacher - Schicksal zweier Städte ; in: 700 - Livre du 7ième Centenaire de l'Affranchissement de la Ville de Diekirch, Dikrech (Drock: Imprimerie du Nord), [1960]; Ss. 111-118.
  • Geisterabwehr bei unsern Vorfahren - Interessanter Grabsteinfund in Grevenmacher ; Broschür, Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 1960; 28 Säiten (ill.).
  • Grevenmacher - Werden und Wachsen einer Moselstadt ; in: Grevenmacher, 1252-1952 - Festschrift zur 700-Jahrfeier des Freiheitsbriefes ; Gréiwemaacher, 1952; Ss. 11-25 (Bibliogr. a Bemierkungen).
  • Theater in Luxemburg von den Anfängen bis zum heimatlichen Theater 1855 ; Sonderheft zum 12. Jahrgang JONG-HÉMECHT Herausgeber Friny Gilson 1938 Lëtzebuerg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Autorenlexikon, S. 210