Luboš Kohoutek

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Luboš Kohoutek gebuer den 29. Januar 1935 zu Zábřeh an Mähren, Tschechien ass en tschecheschen Astronom.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

De Luboš Kohoutek studéiert bis 1958 Physik an Astronomie zu Brno a Prag. Duerno schafft hien am Astronomeschen Institut vun der Tschechoslowakescher Wëssenschafts-Akademie. Am Joer 1968, am Prager Fréijoer marschéiert déi Rout Arméi an d'Tschechoslowakei an. De Kohoutek huet sech 1970 entscheet fir an d'Däitschland z'emigréieren. Zënterhier schafft den Dr. Lubos Kohoutek am Observatoire Hamburg-Bergedorf.

Astronomesch Entdeckungen [änneren]

Am Joer 1967 hunn de L. Perek an de Kohoutek hire Catalogue of Galactic Planetary Nebulae (Katalog galaktescher Planetarescher Niwwel) opgestallt. Et war deemools de gréissten Katalog mat 1036 Daten.

De Kohoutek ass den Entdecker vum bekannte Koméit, C/1973 E1, deen hien de 7. Mäerz 1973 fir d'éischt gesinn hat an denn no him benannt gouf. Net ze verwiesselen ass dëse Koméit mat deem, och vum L. Kohoutek entdeckte periodesche Koméit 75P/Kohoutek an 76P/West-Kohoutek-Ikemura. De Kohoutek ass Entdecker vu ville Koméiten an Asteroiden.

D'Entdeckung vum Koméit vun 1973 hat eng richteg Koméitenhysterie ausgeléist. De Koméit war deemools gutt mam bloussen A ze gesinn, awer net esou hell ginn, wéi e berechent gi war.

Fir dem Kohoutek seng Leeschtungen ze éieren, gouf den Asteroid (1850) Kohoutek no him benannt.

Literatur [änneren]

  • Lubos Kohoutek, Rudolf Kippenhahn, Holger. Heuseler: "Der Jahrhundertkomet Kohoutek", Deutsche Verlags-Anstalt Stuttgart 1982, ISBN 3-421-02379-4

Um Spaweck [änneren]