Melusina

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bild vun der Melusina vum Julius Hübner

Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seechefigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'all Kéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Urspréng

D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan 1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.

[änneren] D'Melusina a Frankräich

Aus Frankräich ass déi eelste Melusine-So bekannt. Tëschent 1392-94 huet de Jean d'Arras Mélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouranner och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout.

De Rainmondin (Raymond), ass dem schéine Melusina bei enger Quell am Bësch begéint; se hu sech bestuet a kruten 11 Jongen, déi sech all dichteg bei de Kräizzich ervirgedoen hunn. De Raymond huet dem Melusina misse verspriechen, hatt samschdes eleng ze loossen, wou et sech heemlech an eng Waasserschlaang verwandelt huet. Och hei gëtt d'Versprieche gebrach, an d'Melusina verléiert säi Séilenheel.

[änneren] Déi lëtzebuergesch Melusina

D'Melusina soll dem Grof Siegfried seng Fra gewiescht sinn. Wéi si sech bestuet hunn, hat d'Melusina een ausdréckleche Wonsch: hie sollt hatt all Samschden mat Rou loossen an och net probéieren erauszefannen, wat et méich.

Dat ass joerelaang gutt gaangen, mä enges Daags war dem Siegfried säi Virwëtz ze grouss. Hien ass der Melusina heemlech nogeschlach, wéi si an d'Kasematten erofgaangen an hanner enger Dier verschwonnen ass. Hie luusst duerch d'Schlëssellach an erféiert: Do louch dach net seng Fra an enger Bidden, an amplaz hire Been hat si e Fëschschwanz. Wéi si matkritt huet, datt hiert Geheimnis entdeckt war, ass si aus der Fënster an d'Uelzecht gesprongen, an zanterhier net méi erëmgesi ginn.

No dem Melusina ass d'Serie "Segredos de Melusina" (= Geheimnisser vum Melusina) genannt, eng Chronik iwwer d'Lëtzebuerger Gesellschaft, Kultur a Sprooch, déi zweemol am Mount an der portugiseschsproocheger Wochenzeitung Contacto erauskënnt, an dem Lieser einfach Begrëffer op Lëtzebuergesch erkläert.

[änneren] D'Melusina am däitschsproochege Raum

Hei ginn et verschidde Soen, eng aus dem Haarz (wou de Bueddag op Freides fält), eng vu Stauffenberg (bei Offenburg), an eng aus dem Stollenwald (Baden), déi awer zimlech vun der ursprénglecher Geschicht ofwäichen, an, ausser déi lescht, och eng 'anonym' Schlaangen- oder Fëschjoffer als Haaptfigur hunn, amplaz d'Melusina.

Dem Martin Luther war d'Geschicht vun enger Melusina vu Lucelberg (a Schlesien) bekannt. De Goethe huet 1807 an de Wilhelm Meisters Wanderjahre d'Geschicht vun Die wahre Melusine verzielt, déi de Franz Grillparzer zu engem Libretto and de Felix Mendelssohn zu senger Ouverture Die schöne Melusine inspiréiert huet.

[änneren] Literatur

  • Nicolas Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Landes. V. Bück, Luxemburg 1883, 645+XVII S. (Auszug aus den Publications de la Section historique de l'Institut r. g.-d. de Luxembourg, vol. XXXVI). Kuck: Die Sage von der schönen Melusina, der Ahnfrau der Luxemburger Grafen. [1] Melusina (Soldatensage). [2]
  • P. Peporté: Melusina. In: S. Kmec, B. Majerus, M. Margue & P. Péporté (éds): Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2e édition corrigée et complétée. Éditions Saint-Paul, Luxembourg 2008, S. 55-60 (Anmerkungen: S. 355). ISBN 978-2-87963-705-1 (déi 1. Editioun ass vun 2007).
  • Thüring von Ringoltingen: "Melusine" Aus dem Frühneuhochdeutschen übertragen ins Neuhochdeutsche von Gerhard Wahle. ISBN 978-3-89821-330-1

[änneren] Film

D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina vum Laura Schroeder

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Melusina – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen