Michel Maquil

Vu Wikipedia

De Michel Maquil, 1950 zu Esch-Uelzecht gebuer, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist. Hie war vun 1987 bis Abrëll 2012 Generaldirekter vun der Bourse vu Lëtzebuerg.

De Michel Maquil huet 1970 seng Première (C latine) am Athénée de Luxembourg gemaach an dunn zu Louvain-la-Neuve Ekonomie studéiert.

Hien huet seng ganz berufflech Karriär bei der Société de la Bourse de Luxembourg gemaach, wou hien 1974 seng éischt Plaz untrëtt. 1982 gouf hie Sous-Direkter genannt an 1987 Direkter an domat éischte Mann vun der Gesellschaft. 2001 kritt hien den Titel vum President vum Direktiounscomité.

An d'Zäit vum Michel Maquil senger Direktioun fält virun allem den informateschen Developpement vun der Bourse geneesou wéi d'Entwécklung vun neie Servicer ronderëm d'Informatiounen iwwer Finanzproduiten. De Michel Maquil war President vum Verwaltungsrot vu Finesti, enger Filial vun der Bourse déi op Finanzinformatiounen iwwer Investmentfonge spezialiséiert ass.

De Michel Maquil war och a verschiddenen Organer vun der Finanzplaz aktiv a war President vun der Associatioun PROFIL. Hie war sou d'dreiwend Kraaft hanner den éischten Editioune vum Luxembourg Financial Forum 2005 an 2007.

De Michel Maquil ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les artisans de l'industrie financière - Témoignages sur l'origine et le développement de la place financière de Luxembourg ; (mam Laurent Moyse a mam Claude Meiers), Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 2014. ISBN 9782879639482