Mitock

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mitock
Mitock

Mitock
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Upupiformes
Famill: Mitocken
Gattung: Upupa
Aart: Mitock
Wëssenschaftlechen Numm
Upupa epops
Linnaeus, 1758
E Mitock

De Mitock, mam wëssenschaftlechen Numm Upupa epops, ass déi eenzeg Aart, oder no anerer Opfaassung, eng vun e puer Aarten, aus der Vullefamill vun de Mitocken (Upupidae). D'Mitocke gehéieren zu der Uerdnung vun den Upupiformes (de: Hopf- und Hornvögel).

D'Aart ass an Europa, Asien an Afrika wäit verbreet. A munneche Regiounen ass de Mitock seele ginn. Déi afrikanesch Forme ginn dacks als eegestänneg Aarte betruecht: Upupa africana, U. senegalensis, U. marginata. No Norden ass déi Aart ze fanne bis bal 60° N, am Oste bis un d'Küst vum Pazifik an no Süden bis Madagaskar, d' Kapprovënzen, Sri Lanka an d' Sunda-Inselen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den Numm

  • op Franséisch: huppe fasciée oder huppe vulgaire
  • op Däitsch: Wiedehopf
  • op Englesch: hoopoe

Synonymer:

  • Hupp-Hupp
  • Butbutt
  • Buddebutt
  • Buddert
  • Bëschbubbert
  • Bëschbuppert
  • Wuppert
  • Ruppert
  • Witapp
  • Riffer
  • Drecksvull
  • Sténkert

[änneren] Verbreedung

An den 1960er Joeren huet de Mitock fir d'läscht zu Lëtzebuerg gebréit.[1] Allerdéngs ass en an der leschter Zäit erëm zu Lëtzebuerg gesi ginn, besonnesch am Fréijoer, an et gëtt gehofft (2011), datt en deemnächst och erëm do bréie wäert.[2] Déisäit der Grenz, an der Géigend vun Tréier, ass dat schonns de Fall: do ass am Joer 2009 festgestallt ginn, datt de Mitock fir d'éischt zënter 100 Joer nees emol do gebréit huet, an zwar zu Ayl am Landkrees Tréier-Saarburg.[3]

[änneren] De Mitock an der lëtzebuergescher Literatur

De Mitock ass ee vun de Personnagen am Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848):[4][5]

De Miitock jeitzt: " Kèng Steire méh,
Kéng Schóll, kee Weirecht, kèng Schossé,
Kèng Mären, (bis),
A fort mat allen Herren! "[6]

A moderner Schreifweis:

De Mitock jäizt: "Keng Steire [Steiere] méi, / Keng Schoul, kee Wäirecht [eng Steier um Wäin], keng Chaussée, / Keng Mairen [Buergermeeschteren], / A fort mat allen Hären!"

De Spottnumm Mitock war fir den Deputéierten Nicolas Spanier, e Mëller vu Waldbriedemes, geduecht, deen antiorangistesch a géint d'Groussgrondbesëtzer vun der Musel war.[4]

Am Michel Rodange sengem Renert (1872) (éischte Gesank, 3. Stroph) gehéiert de Mitock zu deenen Déieren, déi op Invitatioun vum Kinnek, dem Léiw, am Gréngewald zesummekommen.

[änneren] De Mitock als Emblem fir eng satiresch Wochenzäitschrëft

De Mitock, e Wocheblad fir Jux an Zodi war eng lëtzebuergeschesch satiresch Wochenzäitschrëft, déi vun 1937 bis 1940 erauskoum.

[änneren] De Mitock als Péckvillchen

Fir d'Eemaischen vun 2010 huet de lëtzebuergesche Kënschtler Alex Gilbert de Mitock als Modell fir seng Péckvillecher geholl.[7]

[änneren] Literatur

[änneren] Referenzen

  1. Lorgé & Melchior 2010, S. 202.
  2. Der Wiedehopf in Luxemburg. Gaart an Heem 2011 (Nr. 6), S. 185.
  3. Weishaar & Johannes 2011.
  4. 4,0 4,1 G. Goetzinger et al.: Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891. Ausstellung und Katalog. Centre national de littérature, Mersch 2009, S. 57-59, 248.
  5. P. N.: Vor hundert Jahren : eine politische Satire. In: Die Warte 1948, 1. Jg., Nr. 8 (20. November), S. 3. [1]
  6. D'Vulleparlament am Gréngewald (ob d'Weis vun der Vullenhóchzeit). In: Der Volksfreund 1848, Nr. 79 (5. November).
  7. Les «Péckvillercher» 2010 d’Alex Gilbert. Lëtzebuerger Journal vum 11. Mäerz 2010. [2]

[änneren] Kuckt och

Commons: Upupa epops – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen