Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff/Jongebësch

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Schwaarzenhaff/Jongebësch
Land Lëtzebuerg
Plaz Habscht, Stengefort
Fläch 256,67 ha
Nationalcode RD 14
Koordinaten 49°32'52,58"N, 6°5'11,11"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 1. Juni 2016

D' Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff/Jongebësch ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Stengefort an Habscht. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 1. Juni 2016 festgehalen.[1].

Et handelt sech ëm en Areal vun 256,67 Hektar, dat virun allem aus verschiddenen Zorte vu Bëscher besteet, ma och aus aneren Habitaten, wéi Dréchen- a Fiichtwisen, an och de Steekolle bei Stengefort an deene vum Jongebësch bei Äischen. Vum Centre d'accueil nature et forêts Mirador aus, bei der Aler Schmelz vu Stengefort, féiert en didaktesche Wanderpad queesch duerch d'Naturschutzgebitt bis op Clairefontaine, déi Säit der Grenz.[2]

D'Naturschutzgebitt Schwaarzenhaff/Jongebësch ass en Deel vun der Natura 2000-Zon Mamer- an Äischdall (LU0001018).[1]

De Schwaarzenhaff

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 1er juin 2016 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone «Schwaarzenhaff / Jongebësch» (...) op legilux.public.lu.
  2. "Le centre d'accueil nature et forêts Mirador à Steinfort" op environnement.public.lu.