Naturschutzgebitt Um Bierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Um Bierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Beetebuerg a Réiser. Tëscht Beetebuerg a Peppeng, un der Diddelenger Autobunn um Lieu-dit Bierg läit de Bongert Altenhoven, wouvun zirka 12 ha zënter 1998 ënner Naturschutz stinn. Um Bierg gëllt als de gréisste Bongert vu Lëtzebuerg.

De Bongert Altenhoven, deem säin Ursprong op d'Enn vum 19. Joerhonnert zréckgeet, huet beim Bau vun der Autobunn méi Hektare missen afferen an ass zënterhier am Besëtz vum Staat. Nodeems sech an de leschte Joerzéngten net ëm d'Fleeg vun de Beem an Neiuplanzunge gekëmmert gouf, ass de Bambestand vereelzt an eng Partie Lächer tëscht de Beem mat der Zäit entstan. Ufanks den 1990er Joren ass vu verschiddenen Naturschutzorganisatioune vill Aarbecht an de Bongert investéiert ginn, andeems iwwer 500 nei Beem a 70 verschiddenen Zorten ugeplanzt, Beem an Hecke geschnidden a Fleegaarbechten duerchgefouert gi sinn. Mam groussherzoglechem Reglement vum 3. August 1998 sinn eng 12,32 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Mat sengen iwwer 1.300 zum Deel iwwer 100 Joer alen Uebstbeem ass de Bongert e wichtege Liewensraum. Sou konnten zum Beispill 69 verschidde Vullenaarten nogewise ginn, wouvun der 19 op der Rouder Lëscht vu bedréiten Aarte stinn. De gréissten Deel vum Uebstbambestänn maachen Äppelbeem aus. Donieft kommen ënnert anerem Biren-, Mirabellen-, Prommen- a Kiischtebeem vir.

Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg
AarneschtVue2.jpg

AarneschtAmberkneppchenAm BauchBeetebuerger BëschUm BiergBiirgerkräizBirelergronnBoufferdanger MuerBrillConzefennDeiwelskoppDreckswissDumontshaffEllergronnËnneschte BëschFënsterdallFëlschdrefergronnGroufHaardHaff RéimechHierdenHierberbëschKelsbaachKuebebiergKuebendällchenLaangmuerLanneburLéiLéibiergLénger WisenManternacher FielsPällembiergPëttenerbëschPrënzebiergAm PudelRamëscherRéiserbannSaueruechtSonnebiergStréisselStrombiergTelpeschholz

Kuckt och → Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg


[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht