Naturschutzgebitt Weimericht

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Weimericht
Land Lëtzebuerg
Plaz Jonglënster
Fläch 102,94 ha
Nationalcode PS 14
Koordinaten 49°42'0"N, 6°15'50"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 10. Dezember 2012

Weimericht ass en Naturschutzgebitt (réserve naturelle) an der Gemeng Jonglënster.

D'Reserve Weimericht, déi 2012 offiziell ausgewise gouf, besteet virun allem aus Bëscher an Dréchewisen (pelouses sèches, Trockenrasen). Si ass ronn 102 ha grouss. D'Naturschutzgebitt gouf duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 10. Dezember 2012 geschaf.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Weimericht läit am Südoste vu Jonglënster. D'Reserve besteet aus enger Kärzon (Zone A) vu 25,00 ha an enger Pufferzon (Zon B) vu 77,94 ha. D'Kärzon zitt sech iwwer Keuperhäng déi no Süden a Südosten exposéiert sinn, an dofir e relativ waarmt an dréchent Mikroklima hunn.

Rar Planzen an Déieren[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebitt ass duerch eng héich Biodiversitéit charakteriséiert. Et liewen eng Rëtsch Déieren a Planzen déi zu Lëtzebuerg rar sinn an zum Deel op der Rouder Lëscht vun de bedreeten Aarte stinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 10 septembre 2012 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle le site «Weimericht» sis sur le territoire de la commune de Junglinster. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.