Operatioun Scapa Flow

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Scapa Flow op der Kaart

D'Operatioun Scapa Flow bezeechent eng Attack vun engem däitschen Ënnerséiboot, dem U-47, dat ënner dem Kommando vum Kapitänleutnant Günther Prien, am Zweete Weltkrich, de 14. Oktober 1939, an d'Bucht vu Scapa Flow agedrongen ass, an do dat englescht Schluechtschëff, d'HMS Royal Oak versenkt huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Scapa Flow ass eng Bucht, an natierlechen Hafen, am südlechen Deel vun den Orkney-Inselen op der Küst vu Schottland. Duerch Scapa Flow féiert d'Färverbindung Houton, op der Insel Mainland, a Lyness, op der Insel Hoy, an op d'Insel Flotta.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well dës Bucht als Naturhafe gutt geschützt läit, ass se schonn am 13. Joerhonnert vun de Schëffer vun de Wikinger opgesicht ginn. Och zu den Zäite vum Napoléon huet se eng Roll gespillt. Déi brittesch Flott huet deemools, a souwuel am Éischten, wéi och am Zweete Weltkrich d'Bucht als Stützpunkt fir hir Schëffer benotzt. An den zwéi Kricher hunn däitsch U-Booter ëmmer erëm versicht an déi Bucht eranzekommen.

Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Éischte Weltkrich, den 23. November 1914 konnt d'U 18 ënner dem Kommando vum Kapitänleutnant Heinrich von Hennig, duerch den Hoxa Sound, der Haaptzoufaart am Süden, an d'Bucht erakommen. Et huet awer do keen Zil fonnt, wat sech gelount hätt, unzegräifen, well de Stützpunkt an deem Ablack geraumt war. Beim Versuch, sech ofzesetzen, gouf d'Boot awer entdeckt a gerammt, an et ass ënnergaangen. D'Besatzung koum a Gefaangenschaft.

Den 18. Oktober 1918 huet d'UB 116 ënner dem Kommando vum Oberleutnant zur See Hans-Joachim Emsmann, mat enger fräiwëlleger Besatzung, erëm versicht a Scapa Flow eranzekommen. D'Bucht, den Hoxa Sound, war awer net fräi vu Minnen, wei ugeholl war, an d'Boot gouf entdeckt. Duerch Fernzündung gouf eng ganz Minneketten zur Explosioun bruecht an d'UB 116 ass zerstéiert ginn.

Nom Waffestëllstand vum 11. November 1918 ware 74 Schëffer vun der däitscher Héichséiflott a Scapa Flow internéiert. Do huet de Konteradmirol Ludwig von Reuter den 21. Juni 1919 den Uerder ginn, déi eege Flott ze versenken.

D'Maquette vum U-47

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt ass Scapa Flow awer ganz besonnesch duerch d''Operatioun Scapa Flow am Zweete Weltkrich, wéi et dem Ënnerséiboot U 47 ënner dem Kapitänleutnant Günther Prien, de 14. Oktober 1939 gelongen ass, heemlech duerch de Kirk Sound an d'Bucht vu Scapa Flow anzedréngen. Hien huet bei där Geleeënheet dat brittescht Schluechtschëff HMS Royal Oak (1400 Mann Besatzung), den Houfert vun der Royal Navy, versenkt an ass onentdeckt entkomm. De Succès vun där Operatioun ass am Drëtte Räich propagandistesch héichgespillt ginn. No deem Verloscht hunn d'Britten, nieft de versenkte Blockschëffer och nach fest Barriären, d'Churchill Barriers, vun italieenesche Krichsgefaangen opriichte gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich Ruge: Scapa Flow 1919, Gerhard Stalling Verlag, 1969
  • Peter L. Smith: The Naval Wrecks of Scapa Flow, Orkney Press 1989, ISBN 0-907618-20-0
  • Andreas Krause: Scapa Flow - Die Selbstversenkung der wilhelminischen Flotte, Ullstein, Berlin 1999

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Operatioun Scapa Flow – Biller, Videoen oder Audiodateien