René Biver
René Biver | |
---|---|
Gebuer |
24. Oktober 1920 Suessem |
Gestuerwen |
24. Oktober 1983 Suessem |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Lokalpolitiker |
De René Biver, gebuer de 24. Oktober 1920 zu Suessem an och do gestuerwen de 24. Oktober 1983, war e lëtzebuergesche Vëlossportler a Lokalpolitiker.
An de Joren 1948, 1949, 1951 an 1952 huet hien um Tour de France deelgeholl, e konnt den Tour awer ni zu Enn fueren.
Zenter den 1950er Jore war de René Biver Gemengepolitiker bei der LSAP a gouf an de Suessemer Gemengerot gewielt. Wéi e gestuerwen ass, war en éischte Schäffe vun der Suessemer Gemeng.
Zu Suessem ass d'Place René Biver no him genannt.
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
1946[änneren | Quelltext änneren]
- Landesmeeschter op der Strooss (Amateur)
1947[änneren | Quelltext änneren]
- 3. an enger Course ze Anciaux
1948[änneren | Quelltext änneren]
- 31. am Tour de Luxembourg
1949[änneren | Quelltext änneren]
- 16. am Tour de Luxembourg
- 35. am Tour de Suisse
1950[änneren | Quelltext änneren]
- 14. am Tour de Luxembourg
- 26. am Grand Prix du Midi Libre
1951[änneren | Quelltext änneren]
- 23. am Tour de Luxembourg
Ekippen[änneren | Quelltext änneren]
- 1949: Garin - Wolber
- 1950: Nicolett
- 1951: Nicolett