Roude Pëtz
Numm |
lb: (um) Roude Pëtz fr: Puits Rouge |
---|---|
Längt | ca. 15 × 20 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Koordinaten |
49° 36’ 42.8’’ N 06° 07’ 52.4’’ O |
De Roude Pëtz war e Pëtz an der Stad Lëtzebuerg. E gouf ëm 1740 ugeluecht, fir d'Festung Lëtzebuerg mat Drénkwaasser ze versuergen. Dofir gouf e 64 m déiwe Schacht an de Sandstee gesprengt. Ronderëm de Pëtz war e klengen Tiermchen aus rouden Zillen, wouduerch de Pëtz säi Spëtznumm krut. E war op der Plaz, wou d'Lantergässel an d'Groussgaass zesummekommen. Nom Londoner Vertrag 1867 gouf en ofgerappt[1].
D'Waasser gouf mat 2 Fässer, déi jee 108 Liter konnte faassen, un engem Hanfseel eropgezunn. Dëst geschouch mat Hëllef vun engem Trietrad, dat vun Zaldoten, déi eng Strof ofzedrummen haten, un d'Dréine bruecht gouf a sou d'Seel ronderëm eng Wann op-, respektiv ofgewéckelt huet. All 10 Minutten ass sou eng Charge Waasser eropgezu ginn[2].
Haut ass vum Roude Pëtz just den Numm Rescht bliwwen. Op der Plaz gouf 1982 e Sprangbuer opgeriicht, op deem eng Grupp Figuren - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - en Hämmelsmarsch duerstellen. D'Skulpture si vum Wil Lofy, dee sech selwer an enger vun de Figuren (dem Akkordeonist) veréiwegt huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hämmelsmarsch-Buer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Géint 1915 um Roude Pëtz
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roude Pëtz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Marc Thoma, Et wor emol ... zu Lëtzebuerg - "De Roude Pëtz", Reportage op rtl.lu den 13. Januar 2020
- Isabelle Yegles, Les fontaines en ville haute et la représentation de l'animal an: Ons Stad, 97/2011, S. 54
- Rolph Ketter: De neie Roude Pëtz. an: Ons Stad 10/1982, S. 8-9. (Iwwer d'Entstoe vum Sprangbuer)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Henri Beck: "La Grand-Rue depuis le temps des Romains artère de passage et lieu de rencontres." In: ons stad 86/2007, S.8.
- ↑ Anne Schmit: 'Warum... es den Roude Pëtz gibt. telecran.lu. archivéiert