Sascha Ley

Vu Wikipedia
Sascha Ley
Gebuer 13. September 1967
Saarbrécken
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Komponist, Jazzmuseker, Theaterschauspiller, Filmschauspiller

D'Sascha Ley, gebuer den 13. September 1967 zu Saarbrécken, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Komponistin a Sängerin.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Sascha Ley huet hir Kandheet bis 11 Joer tëscht Lëtzebuerg an Däitschland verbruecht, an ass duerno an der Stad Lëtzebuerg opgewuess.

Nieft dem Gesank an dem Schauspill gëtt si sech an de leschte Joren och ëmmer méi mat der Kompositioun, dem Schreiwen a geleeëntlech der Dramaturgie-Regie fir Danztheaterproduktiounen of.

2005 gouf si op der Berlinale als European Shooting Star fir Lëtzebuerg designéiert, 2004 krut si de Präis fir déi bescht Interpretatioun vun de More Songs For Life vun der Aids-Hëllef-Initiativ.

2009 ass si mat hirem Trio KALIMA mat dem Prix du public vum Tremplin JAZZ d'Avignon ausgezeechent ginn.

Zanter hirem éischte selwerkomponéierten Album "Travelling Light" 2007 huet d'Sascha Ley sechs Album produzéiert a verëffentlecht, a war op weideren als guest singer present.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Tëlee[änneren | Quelltext änneren]

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel am Gesank wéi och an hire Kompositioune beweegt sech d'Sascha Ley fléissend tëscht Jazz, fräier Improvisatioun, imaginärem Folklore, dem Chanson a geleeëntlechem Flirt mat zäitgenëssescher Musek.

Si huet bei der hollännescher Sängerin Reinette van Zijtveld un der DJAM Jazz School zu Amsterdam a spéider zu Kenny Seymour an um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert, gefollegt vu Stagen a Masterclass mam Meredith Monk, Gabriele Hasler, Sainkho Namtchylak, Shelley Hirsch a Frank Köllges. Um Jazz India Vocal Institute zu Mumbai huet si ënner der Leedung vun Dhanashree Pandit-Rai Ablécker an de klasseschen Hindustanesche Gesank kritt.

D'Sascha Ley séngt a komponéiert fir hir eege Pojeten an op Optrag fir Filmmuseken, Radio a Studio.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999: Heute Abend: Lola Blau
  • 2001: Mutant Standards (Garlicks feat. Sascha Ley)
  • 2007: Travelling Light
  • 2010: Kalima (als Kalima)
  • 2013: Everything Within (als Kalima) | Neuklang
  • 2015: The Wee Hours (Sascha Ley & Laurent Payfert)
  • 2019: It's Alright To Be Everywhere (Sascha Ley & Laurent Payfert) | JazzHausMusik
  • 2021: Saluti a Peppino (Georg Ruby Village Zone feat. Sascha Ley) | JazzHausMusik
  • 2022: In Between | JazzHausMusik

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Gearchiveerd op 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.