Schaffbaier

Vu Wikipedia
D'Schaffplaz zu Iechternach. Tableau vum Auguste Wirion
En Iechternacher Schaffbauer bei der Aarbecht (1908). Foto vum Félix Heuertz

Schaffbaier sinn déi Leit genannt ginn, déi fréier zu Iechternach um rietsen Ufer vun der Sauer Booter resp. Schëffer aus Holz gebaut hunn. D'Iechternacher Wuert Schaffbauer, dat meeschtens am Plural gebraucht gëtt, entsprécht dem däitsche Schiffbauer (Schaff = Schëff).[1]

Vum 17. bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert waren d'Schaffbaier zu Iechternach aktiv. De Chantier, wou d'Booter zesummegebaut goufen, huet Schaffplaz geheescht. Et gouf där zwou: déi eng uewerhalb, do wou spéider d'Gare gebaut gouf, déi aner hanner Kack Richtung Pavillon, do wou haut eng Allee mat Lanne steet. Déi éischt, déi an den Dokumenter als Viandener oder Haller Schiffplatz bezeechent gëtt,[2] well se no bei der sougenannter Viandener Pforte resp. Hal (déi aktuell rue de la Gare) louch, war bis zirka 1850 am Betrib,[3] déi aner bis kuerz nom Éischte Weltkrich.[4] Deen allerleschten Naache soll 1925 gebaut gi sinn.[4] Zeechnunge vum Auguste van Werveke aus dem Joer 1925 op deenen e Boot, dat am Gaang ass gebaut ze ginn, ze gesinn ass, däerften dat confirméieren.[5] Ob do d'Schaffplaz als solch nach funktionéiert huet, ass eng aner Fro.

Zu Iechternach goufe verschidden Zorte vu Booter gebaut. Jee no Gréisst waren dat:[6]

  • d'Schalupp (la chaloupe), e grousst Boot mat engem Seegel,
  • de Fëscheraachen (canot de pêcheur), en zimmlech groussen Naachen,
  • de Leefer oder Fléier, e liicht a schnellt Boot,
  • d'Schëffchen, e klengt Boot,
  • d'Schëff (le canot), en "normaalt" Boot,
  • d'Foar (le bac).

Vun der Funktioun hir gouf et:[6]

  • de Fëscheraachen,
  • de Sandaachen, fir den Transport vu Sand,
  • den Ankeraachen, e Boot mat engem Anker,
  • d'Kanalschëff, e grousst Schëff fir op engem Kanal ze fueren (36 m laang, ënne 4–5 m breet, Tonnage: 4000 Zänner).

Iechternacher Booter a Schëffer sinn op der Sauer, der Musel an um Rhäin gefuer, a souguer bis an Holland verkaf ginn.[6] Dat gréisst Schëff, dat jee zu Iechternach gebaut ginn ass, soll 32 Meter laang gewiescht sinn an eng Capacitéit vun 250 Tonne gehat hunn.[7] Bekannt Schaffbaier waren d'Familljen Dell, Mannes, Prim an Olinger. Ee vun de leschte Schaffbaier, de Joseph Olinger, war bei engem Accident de 17. Januar 1910, beim Ofrappe vun der Noutbréck, déi fir d'Sanéierung vun der Iechtenacher Bréck gebaut gi war, ëm d'Liewe komm.[8] Am Firmeregëster vun 1914 figuréiert de Peter Dell-Mergen vun Iechternach als Wiert a Schaffbauer.[9]

De Patréiner vun de Schaffbaier war den hl. Niklos. Zesumme mat de Fëscher an de Schëffsleit ware si an der Zunft vun den Niglosbréider (Niklosbridder).[10] Bis 1914 sinn déi Iechternacher Schaffbaier den Owend virun Niklosdag[6][10] resp. op Niklosdag selwer[11] am Cortège, wa méiglech a Begleedung vun e puer Musikanten, duerch d'Iechternacher Gaassen a Wiertschafte gezunn. Bei dësem Ëmzock gouf dat sougenannt Schaffbaierléid (Schaffbaierlidd) gesongen. Deem säin Text bestoung aus dem Refrain "Hätte mir is Bäm bezoalt, is Bäm bezoalt, is Bäm bezoalt"[12], mat dem eventuellen Zousaz "en Daler am Sak, e Schwäi geschluecht";[13] eng aner Versioun war: "Hätte mir is Bäm bezoalt, hätte mir is Poacht bezoalt"[10],[14] Den Isi Comes (Text) an de Max Menager (Melodie) hunn an den 1930er Joren dem Schaffbaierléid e ganz neit Kleed verpasst,[15] dat mat dem authentesche Lidd net méi vill ze dinn huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 1935. Bilder vom heimischen Gewerbefleiß: Der Schiffbauer. Tageblatt 1935, Nr. 40 (16. Februar), S. 9 (Beilage: Der Luxemburger Bauer). [2]
  • Colljung, P., 2009. Die Sauerschiffer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, Bitburg, S. 149-152.
  • Comes, I., 1934. Das Fest der Schiffbauerzunft in Echternach. Schaffbaierumzug: T'Schaffbaierle'it: Erhönscht an op-pole'ert voam I.C.; Musek voam Max Menager. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, 9(1934/35), H. 1/2, S. 29-30.
  • Etringer, N. 1978. Aus der Geschichte der Moselschiffahrt. 2. unveränderte Aufl. Luxembourg, Éditions J.-P. Krippler-Muller, 219 S. (1. Aufl.: Luxemburg, Bourg-Bourger, 1959). (Kuck d'Säiten 159-163 an 170-171.)
  • Friedrich, E., 1968. Die Echternacher Schaffbaier: Eine ausgestorbene Zunft. In: Revue. - Luxembourg. - Jg. 24(1968), Nr. 35, S. 24-28.
  • Friedrich, E., 1977. Die Schaffbaier. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach, S. 251-260.
  • Heuertz, F., 1940. Souvenirs d'Echternach. Animaux, plantes et métiers qui s'en vont. Société des naturalistes luxembourgeois, livre jubilaire, fasc. 1, S. 231-252, 6 pl. h.-t. [3]
  • Juncker, M. & M. Lorenz, 1999. Eechternoach, schi Steedchen. E Léiderbouch mat Anekdoten a Kommentäre voam Marcel Lorenz. Echternach, Ville d'Echternach, 100 S.
  • Simon, M., 1950. Echternach, liebe, alte Stadt. Tageblatt 1950, Nr. 6 (7. Januar), S. 8. [4]
  • Simon, M., 1950. Echternach, liebe, alte Stadt. Esch/Alzette, 78 S. (Schaffbaier: S. 38-39).
  • Sunnen, C., 2010a. Vorindustrieller Schiffbau in Luxemburg. Hémecht, 62 (1), S. 71-144.
  • Sunnen, C., 2010b. Von 1650 an vorindustrielle Fertigung von Holzschiffen in der Abteistadt: bis 1910 Schiffsbau in Echternach: zur Geschichte der Industriekultur Luxemburgs. Die Warte 2010, 22/2300 (8. Juli), S. 4-5. [5] [6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 4. Luxemburg 1971/1975, S. 99.
  2. Archives de la ville d'Echternach, Dossier N° 15/4n: Appropriation en 1869 du pré au ci-devant chantier de la porte de Vianden dit "Viandener Schiffplatz". — D'Bezeechnung "Haller Schiffplatz" kënnt an deem selwechten Dossier vir.
  3. Sunnen 2010a, S. 96; Sunnen 2010b.
  4. 4,0 4,1 Juncker & Lorenz, 1999, S. 32.
  5. Friedrich 1977, S. 258. De Carlo Hemmer nennt d'Schaffbaier "eine 1925 ausgestorbene Zunft"; cf. Anekdotische Reise durch Luxemburg (5. Folge): Lebenskünstler im Abteistädchen. d'Letzeburger Land 1980, Nr. 48 (28. Nov.), S. 8. Dem Paul Colljung (2009, S. 152) no hätt et souguer nach e bësse méi laang gedauert: Nach 1925 stellte der Bootsbauer Dell seine Produktion endgültig ein.
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 Heuertz 1940, S. 251.
  7. Simon 1950.
  8. Weber, Heinrich Theodor, 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 240.
  9. Extraits du registre aux firmes publiés en exécution de l'art 2 de la loi du 23 décembre 1909. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1914, No 87, 23. Décembre 1914, S. 1211. [1]
  10. 10,0 10,1 10,2 Luxemburger Wörterbuch, Bd. 3. Luxemburg 1965/70, S. 216.
  11. Tageblatt 1935, Etringer 1978, S. 170.
  12. Anonymus 1935, Simon 1950. — D'Holz, dat d'Schaffbaier am Fréijoer am Bësch bei der "Bëschkiirmes" gesteet haten, war bis Mäertesdag (11. November) ze bezuelen. Vgl. Juncker & Lorenz, S. 30ss.
  13. Heuertz 1940, S. 252.
  14. J. Hess: Luxemburger Volkskunde. Grevenmacher 1929; zitéiert beim Etringer 1978, S. 170.
  15. Juncker & Lorenz, S. 30-32; Comes 1934/35.