Schlass Beefort
D'Schlass vun der Strooss aus gesinn. | |
Typ |
geographeschen Objet, Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Beefort |
Plaz | Beefort |
Koordinaten | 49°50'1,640"N, 6°17'8,610"O |
Statut | Klasséiert Monument |
D'Schlass Beefort ass e Schlass aus dem 17. Joerhonnert am Renaissancestil am Weste vu Beefort, direkt nieft der Ruin vun der Buerg Beefort. D'Schlassanlag huet d'Form vun engem Trapez, dat no der Säit vun der Buerg hin op ass, awer duerch e Gruef ofgetrennt ass. D'Wunngebai läit lénks vun der Paart (vum Bannenhaff gesinn), an deenen anere Gebaier waren d'Wirtschaftsgebaier an d'Wunnenge fir d'Déngschtpersonal an an der Ufankszäit vun Zaldoten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlass gouf vu 1643 un, warscheinlech vum Schwäizer Militäringenieur Isaac de Treybach, fir de Gouverneur Jean de Beck nieft der Buerg Beefort gebaut[1]. Iwwer der Paart, virun där e Waassergruef ass an iwwer deen eng Zuchbréck gefouert huet, ass haut nach e Wope vun der Famill Beck an d'Joreszuel 1649 ze gesinn.
De Jean de Beck ass awer nach viru Fäerdegstellung vum Schlass am Joer 1648 an enger Schluecht bei Arras gestuerwen. Et gouf vu sengem Jong Jean Georges de Beck fäerdeg gebaut dee mat senger Fra Antonia von Daun do gewunnt huet. Vun him ass 1652 och d'Donatuskapell am Bësch nobäi baue gelooss ginn. Duerno huet säi Jong Eugène Albert de Beck mat senger Fra Anna von Botzelaer do gewunnt.
D'Schlass gouf bis 1698 vu Membere vun der Famill de Beck bewunnt. Duerch Bestietnes vun hirer Duechter Maria Regina mam Charles Nicolas de Gevigny de la Pointe koum et an aner Hänn. Och hei ass d'Schlass duerch d'Bestietnes vun hirer Duechter Joséphine Dorothée mam Jean Joseph, Comte de l'Épine de la Claireau un eng aner Famill iwwergaangen. Mat engem Dekreet vum 17. Mee 1759 gouf d'Herrschaft vu Beefort vun der Maria Theresia zu enger Grofschaft erhuewen. Zur Grofschaft hunn d'Uertschafte Beefort, Déiljen, Bigelbaach, Konsdref, Bäerdref, Präiteler, Herbourg, Hemstel an nach e puer Häff mat zäitlech begrenztem Bail (Grondhaff, Schéiferei, Dosterthaff) gehéiert.
D'Duechter Hyacinthe de l'Épine de la Claireau huet sech mam Louis Gérard de Briey bestuet, dee 1774 (oder 1775) d'Anlag un en Duchhändler vun Hodimont (engem Quartier vu Verviers), de Pierre Coumont (aner Quelle soen Nicolas Coumont), verkaaft huet. Deem seng Wittfra huet se 1788 fir 80.000 Daler un de Jean Théodore, Baron de Tornaco-Vervoy verkaaft.
An deem Joerhonnert duerno hu sech d'Proprietären de Liedekerke-Beaufort an de Lannoy-Clervaux duerch Bestietnes iwwer déi weiblech Linn ofgeléist. Déi Proprietären hu weiderhin op hire Stammschlässer gewunnt a si nëmme seelen op d'Schlass zu Beefort komm. Dowéinst sinn d'Gebaier och no an no verfall well net genuch Geld duerch d'Land- a Forstwirtschaft erakoum. Den Edgard de Lannoy-Clervaux, Prënz vu Rheina-Wolbeck, huet schliisslech de ganz Besëtz vun der Herrschaft Beefort verkaaft.
1882 gouf d'Schlass mam Bauerenhaff (d'Schéiferei), deen derzou gehéiert huet, op enger Stee zu Léck un den Henri Even verkaaft, deen d'Schlass mat senger Famill schonn zanter 1875 bewunnt a bewirtschaft hat. Vum Henri Even a sengem Eedem Joseph Linckels gouf d'Schlass renovéiert an deelweis ëmgebaut. De Bauerenhaff gouf vergréissert an aus engem Deel vun de Bëscher gouf Akerland gemaach.
Tëscht 1928 an 1932 gouf déi al Buerg, déi zanter 300 Joer onbewunnt an deelweis als Steebroch benotzt gouf, geraumt a vun der Vegetatioun befreit, déi doran Iwwerhand geholl hat. Eng Millen, déi 1740 mat de Steng vun der aler Buerg gebaut gi war, gouf ofgerappt. 1932 gouf d'Ruin vun der Buerg der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.
Vun 1934 un huet d'Anne-Marie Linckels-Vollmer, déi den 29. Dezember 1914 zu Berlin gebuer war, d'Schlass zesumme mat hirem Mann Edmond Linckels bewunnt. 1975, nom Doud vun hirem Mann, huet si zesumme mat der Famill Kuijpers-Fisch d'Buerg an d'Schlass verwalt. Den 8. Abrëll 1981 huet d'Anne-Marie Linckels d'Schlass, d'Buerg an d'Terrainen déi dozou gehéieren, dem Lëtzebuerger Staat iwwerdroen. Am selwechte Joer gouf d'Associatioun Les amis de l'ancien château de Beaufort gegrënnt. Bis zu hirem Doud, den 8. August 2012, war d'Anne-Marie Linckels Presidentin vum Veräin[2],[3].
De 16. September 1988 gouf d'Schlass zesumme mat der Buerg an och d'Donatuskapell als National-Monument klasséiert[4].
Zanter 2013 kann d'Schlass tëscht Ouschteren an Enn Oktober mat enger Féierung vu ronn enger Stonn besicht ginn[5],[6],[7].
Am Oktober 2024 gouf ugekënnegt, datt de West-, Nord- und Ostfligel vum Schlass mat hiren Daachkonstruktiounen renovéiert gi wäerten an e Musée hei dra kéim. Och déi südlech Baussemaueren am Schlassgaart solle sanéiert ginn.[8]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Beefort
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Even, Pierre, 1993. Das Beforter Renaissance-Schloss. In: Beaufort im Wandel der Zeiten, Band 1, Luxemburg, Saint-Paul, S.145-174.
- Schartz, N. (Text) & M. Wilwert (Fotoen), 2013. Renaissance-Schloss in Befort ist ab heute der Öffentlichkeit zugänglich. Ein besonderes Stück Geschichte. Luxemburger Wort vum 28.3.2013, S. 33.
- Broschür iwwer d'Schlass vu Les Amis des Châteaux de Beaufort asbl
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schlass Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun den Amis des Châteaux de Beaufort
- castle-beaufort.lu oder chateau-beaufort.lu
- Video iwwer d'Beeforter Schlass a Video vum Pierre Even zur Geschicht, aus dem Artikel Das gibt es im Renaissance-Schloss Befort zu sehen, wort.lu, 27. 3. 2013
- Renaissanceschloss Befort: Geschichte und Personen, wort.lu, 27. 3. 2013
- Archiv-Fundstücke: Das Renaissance-Schloss von Befort, wort.lu, 27. 3. 2013
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S. 96-97.
- ↑ z.k., 2012. Befort: "Schlossdame" Anne-Marie Linckels †. Luxemburger Wort vum 10. August 2012, S. 21.
- ↑ „Schlossdame“ Anne-Marie Linckels †, mywort.lu, 10.08.2012
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Besichtigungspremiere: So sieht das Beforter Schloss von innen aus, wort.lu, 27.3. 2013
- ↑ Nadine Schartz (Text), Marc Wilwert (Fotos), Renaissance-Schloss in Befort ist ab heute der Öffentlichkeit zugänglich, "Ein besonderes Srtück Geschichte", in: Luxemburger Wort, 28. März 2013, S. 33
- ↑ Renaissance-Schloss in Befort ist ab heute der Öffentlichkeit zugänglich. Ein besonderes Stück Geschichte. Luxemburger Wort vum 28. Mäerz 2013, S. 33.
- ↑ Irina Figut, Jahrhunderte alter Dachstuhl, Wie das Schloss Befort seine Geschichte greifbar macht. Im Renaissance-Schloss wird ein neues Kapitel aufgeschlagen. Der Staat will historische Flügel aufwerten und hält manche Überraschungen parat.. wort.lu [€] / Luxemburger Wort, S. 14-15 (18.10.2024). Gekuckt de(n) 18.10.2024.