Servior
SERVIOR | |
---|---|
Typ | Établissement public |
Slogan | Den Alter liewen |
Grënnungsdatum | 1. Januar 1999 |
Sëtz |
1, Plateau du Rham L-2427 Lëtzebuerg |
Generaldirekter |
Dominique Faber (President CA) Alain Dichter (Generaldirekter) |
Mataarbechter | 1 790 (op den 31. Dezember 2015)[1] |
Branche | Sozialdéngschtleeschter |
Homepage | servior.lu |
Servior (Kontraktioun vu Service Senior), mam ganzen Numm Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg. Et bitt sozial Servicer fir Leit iwwer 60 Joer un.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesetz vum 23. Dezember 1998[2] gesäit d'Grënnung vun zwee ëffentlechen Etablissementer vir. Op der enger Säit den Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées ënner der Tutelle vum Familljeministère, an op der anerer Säit en Etablissement public Centres de gériatrie ënner der Tutelle vum Gesondheetsministère.
Duerch d'Gesetz vum 22. Dezember 2000[3] gi déi béid Etablissementer zu engem eenzegen, ënner der Tutelle vum Familljeministère zesummegeschloss. Nieft de legislativen Definitiounen hunn se sech den Numm Servior (Service Senior) ginn. De roude Léiw am Logo soll un d'Wuerzelen an d'Evolutioun vu Servior erënneren, awer och d'Zeeche vu Sécherheet a Stäerkt sinn.
Strukturen
[änneren | Quelltext änneren]Servior leet 8 CIPAen, 6 Fleegeheemer an eng encadréiert Residenz fir eeler Leit[4]:
Aktuell Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]- CIPA Boufer „Am Park”
- CIPA Diddeleng CIPA „Grand-Duc Jean”
- CIPA Iechternach „Belle-Vue”
- CIPA Esch-Uelzecht „Op der Léier”
- CIPA Houwald „Beim Klouschter”
- CIPA Nidderkuer „Um Lauterbann”
- CIPA Rumm „Op der Rhum”
- CIPA Rëmeleng „Roude Fiels”
- Maison de soins Déifferdeng „Thillebierg”
- Maison de soins Dikrech „Bei der Sauer”
- Maison de soins Iechternach „Am Schleeschen”
- Maison de soins Veianen „Schlassbléck”
- Maison de soins Veianen „Sanatorium”
- Maison de soins Wolz „Geenzebléi”
- Logement encadré Ëlwen „Liewensbam”
Fréier Ariichtungen
[änneren | Quelltext änneren]- CIPA Mäerzeg (Fermeture am Joer 2013[5])
- CIPA Nidderaanwen (bis den 31. Dezember 2012 op[6])
- CIPA Veianen (bis den 31. Mäerz 2013)
- CIPA Wolz, am Schlass, no der Fusioun mam Fleegeheem vun der Klinick Saint-Joseph gouf d'Maison de soins „Geenzebléi” am Mee 2011 opgemaach[7]
- Maison de soins Esch-Uelzecht
Servior bitt awer och nach aner Servicer fir Senioren un, sou z. B. Iessen op Rieder, e Mëttesdësch, Vakanzenzëmmeren an den Dagesfoyer „Am Gäertchen”.
Administratioun
[änneren | Quelltext änneren]Period | President |
---|---|
? -2010 | Serge Eberhard |
... | ... |
01.06.2015-19.07.2019 | Héloïse Bock |
19.07.2019-31.12.2022 | Dominique Faber |
Period | Direkter |
---|---|
... | ... |
? | Alain Dichter |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.servior.lu/sites/default/files/SERVIOR_Rapport_activite_2014_web_0.pdf
- ↑ (fr)Loi du 23 décembre 1998 portant création de deux établissements publics (...). legilux.public.lu (23.12.1998). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ (fr)Loi du 22 décembre 2000 portant a) reprise de l'établissement public Centres de Gériatrie par l'établissement public Centres, Foyers et Services pour personnes âgées (...). legilux.public.lu (22.12.2000). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ (fr)Tous nos centres d'hébergement. www.servior.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.
- ↑ http://www.mywort.lu/mertzig/26329379.html
- ↑ http://www.wort.lu/de/view/altenheim-niederanven-das-vertrauen-ist-weg-4f61c482e4b0860580aa5e8b
- ↑ http://www.servior.lu/fr/node/225