Sojus MS-03

Vu Wikipedia
Sojus MS-03
Raumschëff Sojus 7K-MS
Seriennummer 733
Mass ?
Drorakéit Sojus FG
Crew 3
Start 17. November 2016, 20:20 UTC
Startplaz Baikonur LC-1
Statioun ISS
Statioun Undockmodul Rasswet
Dauer
Landung 15. Mee 2017 (geplangt)
Landeplaz Kasachstan
Bunnschréi 51,6°
Peggy Whitson, Oleg Nowizki an den Thomas Pesquet

Sojus MS-03 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programms huet de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-49S. Et ass de 49. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 155. Fluch am Sojusprogramm.

Crew[änneren | Quelltext änneren]

Haaptcrew[änneren | Quelltext änneren]

Ersatzcrew[änneren | Quelltext änneren]

Missiounsbeschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun huet dräi Crewmembere vun den ISS-Expeditioune 50 an 51 op d'International Raumstatioun bruecht.

Et ass den drëtten Asaz vum weiderentwéckelte Sojus-MS-Raumschëff. Et ënnerscheet sech vun der aler Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1]

De Rendez-vous mat der ISS hat wéi bei de leschten zwéi Flich zwéin Deeg gedauert, amplaz vun den normale sechs Stonnen. D'Ursaach dofir war eng nach net betribsfäeg "Klion-R" Buedemkontrollstatioun zu Wostotschny, déi fir déi séier Approche mat nëmme véier Orbiten amplaz 34 gebraucht gëtt.

De Rollout vun der Rakéit de 14. November 2016
De Start vum 17. November
D'Raumschëff kuerz virum Undocken den 19. November

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sojus MS-03 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FliegerRevue April 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen