Tau Ceti (Stär)
| Tau Ceti | ||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Katalognummeren | ||||||||||||||
|
||||||||||||||
| Date | ||||||||||||||
|
Den Tau Ceti ass zesumme mam Epsilon Eridani deen eis am nooste sonnenähnlechen Eenzel-Stär. Am Ganze sinn 18 Stären am Moment bekannt, déi méi no wéi den Tau Ceti sinn. De Stär läit op enger Distanz vun 11,9 Liichtjoer.
1960 gouf den Tau Ceti an den Epsilon Eridani am Projet Ozma, engem SETI-Projet, ënnert der Leedung vum Prof. Frank Drake e puer Wochen op Funksignaler hin observéiert.
Am Juli 2000 hu britesch Astronomen ëm den Dr. Jane Greaves eng Scheif aus Stëbs a Koméiten ëm dee bis zu 10 Milliarde Joer ale Stär am Cetus (Walfësch) entdeckt. D'Gréisst vun der Scheif gläicht der Scheif, an där Koméiten an Asteroiden eis Sonn ëmkreesen. Allerdéngs sinn an der Scheif ëm den Tau Ceti 120 mol esou vill Koméiten an Asteroiden wéi an eisem Sonnesystem. D'Liewen op engem hypothetesche Planéit vum Tau Ceti hätt et dofir wuel bedeitend méi schwéier, well et wier engem stännege Bombardement vun Asteroiden ausgesat.
Et konnte keng Planéite ronderëm de Stär entdeckt ginn, och d'Hubble-Weltraumteleskop konnt näischt fannen.
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Tau Ceti – Biller, Videoen oder Audiodateien |