Valérie Kuborn

Vu Wikipedia
Valérie Kuborn
Gebuertsnumm Maria Cécile Valérie Kuborn
Gebuer 8. Januar 1901
Wolz
Gestuerwen 25. Oktober 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Valérie Kuborn, gebuer als Maria Cécile Valérie Kuborn den 8. Januar 1901 zu Wolz, a gestuerwen de 25. Oktober 1991 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1][2]

Si war d'Duechter vum Nottär Paul Kuborn an der Bertha Koch.[3] Nodeems de Papp 1910 eng Plaz an der Stad krut, ass d'Famill duer geplënnert.

D'Valérie Kuborn krut Zeechen- (1916) a Molcoursen (1919-1921) vum Pierre Blanc grad ewéi och Coursen zu Luzern (1917) a Genf (1918).[4] 1925 huet si den Ingenieur Alphonse Diederich vu Rodange (1885-1960) bestuet[5]. Méi spéit huet d'Valérie Kuborn hir artistesch Ausbildung virugefouert. 1950 ass si op Paräis geplënnert, wou si op der Académie de la Grande-Chaumière ënner anerem als Studentin beim Ossip Zadkine, Edouard Goerg a Charles Picart Le Doux studéiert huet. 1954 huet si am Atelier vum Moler André Lhote geschafft an ass dat Joer an d'Académie Julian gewiesselt.[1][2]

D'Valérie Kuborn huet ënner anerem Blummen an Nature-mortë gemoolt. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1957 bis 1963 am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt.[1] Si huet an den 1960er Joren e puermol um Belvédère zu Beefort ausgestallt. 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse an der Lily Unden.[6]

D'Valérie Kuborn ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. 2,0 2,1 "Valérie Kuborn", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Gebuertsschäin, n° 4, 1901.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 179.
  5. ."Diederich Alphonse, ingénieur", D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  6. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.