Vanna Solofrizzo

Vu Wikipedia
Vanna Solofrizzo
Gebuertsnumm Vanna Renée Adèle Léonie Solofrizzo
Gebuer 19. Abrëll 1930
Bibanga
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Vanna Solofrizzo, gebuer als Vanna-Renée-Adèle-Léonie Solofrizzo den 19. Abrëll 1930 zu Bibanga bei Katanda am Belsche Kongo[1], ass eng lëtzebuergesch Molerin.[2] Si gëtt och als Vanna-Renée Solofrizzo opgelëscht.

D'Vanna Solofrizzo ass d'Duechter vum Gennaro Solofrizzo an der Theresia Clara Clivio, allebéid aus Italien. Si gouf am Belsche Kongo gebuer, ass awer an der Stad opgewuess. Hir Mamm, déi als jonkt Meedchen op Lëtzebuerg geplënnert ass, huet do fir méi wéi 35 Joer Italieenesch geléiert,[3] hire Papp huet mat Victoria Arduino Kaffismaschinne gehandelt. D'Solofrizzo war an der Handwierkerschoul Stad, wou si Skulpturunterrecht vum Lucien Wercollier krut a beim Jean-Pierre Calteux a Josy Meyers mole geléiert huet. Si huet vun 1948 an Italien studéiert, uganks an der Accademia di Belle Arti (1948-1951) zu Roum an duerno an der Accademia di Brera zu Mailand (1952).[4] 1958 krut si den Dr Racheli Vélo Stipendium vun der International Federation of University Women, deen et hir erméiglecht huet fir hir Ausbildung um Istituto Centrale dei Restauro (1958–1960) zu Roum weiderzemaachen.[5]

Si huet figurativ Landschaften, Nuen, Portraiten an Nature-mortë gemoolt, gravéiert a gezeechent. Si war Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1952 bis 1965 an de Salonen ausgestallt huet.[2] Si huet och an der Galerie Wierschem (1957) ausgestallt.[6] 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Germaine Spiesse a Lily Unden.[7]

D'Solofrizzo krut 1961 d'lëtzebuergesch Nationalitéit[1]. Si war Sekretärin an der Chancellerie vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Roum a méi spéit d'Privatsekretärin vun der Groussherzogin Joséphine-Charlotte.[8]

E puer Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1947 Illustratiounen fir e Kannerkalenner.
  • 1950 Illustratiounen fir Das Lichtebengelchen vum Hélène Fournelle. Lëtzebuerg: Sankt Paulus-Druckerei.
  • 1950 Illustratiounen fir Fir d'e'scht an d'Oktav vum Hélène Fournelle. Lëtzebuerg: Sankt Paulus-Druckerei.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Lois du 7 juillet 1961 conférant la naturalisation. data.legilux.public.lu (07.07.1961). Gekuckt de(n) 14.10.2023.
  2. 2,0 2,1 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  3. "Haute distinction pour Mme Thérèse Solofrizzo", Luxemburger Wort, 15. November 1979.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 318.
  5. "L'assemblée générale des Femmes Universitaires", Luxemburger Wort, 15. Oktober 1959.
  6. "Exposition Vanna Solofrizzo", d'Letzeburger Land, 11. Oktober 1957.
  7. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.
  8. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Lëtzebuerg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 359.