Georgette Beljon

Vu Wikipedia
Georgette Beljon
Gebuertsnumm Georgette Marguérithe Paulette Beljon
Gebuer 23. November 1916
Wolz
Gestuerwen 3. Dezember 2006
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Philolog, Philosoph

D'Georgette Beljon, gebuer als Georgette Marguérithe Paulette Beljon den 23. November 1916 zu Wolz, a gestuerwen den 3. Dezember 2006 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Sculptrice, Molerin, Philologin a Philosophin.

Liewen an Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Georgette Beljon war d'Duechter vum Zänndokter Johann (Jean) Beljon an der Catharina Berg.[1]

Si huet hir Schoul an der Sainte Sophie an der Stad Lëtzebuerg gemaach an huet zu Lëtzebuerg, München a Paräis Philologie studéiert. 1940 krut si hiren Doktorat a Philosophie a Philologie. Am Escher Meedercherslycée huet si 1944 bis1955 Franséisch, Däitsch a Latäin enseignéiert a vun 1955 u war si Professesch am Stater Meedercherslycée - dem spéidere Lycée Robert-Schuman.[2] Si gouf den 1. Januar 1977 pensionéiert.[3]

Nieft hirer Aarbecht huet d'Georgette Beljon sculptéiert a gemoolt. Si krut hir artistesch Ausbildung wärend Openthalter an Italien. 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse an der Lily Unden.[4] Si hat ënner anerem Eenzelausstellungen an der Galerie Bradtké an huet Konschtartikelen an den Zäitschrëften Academia a Galerie publizéiert.

D'Georgette Beljon ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Fënnef Joer méi spéit koum posthum Pathologie d'une cure eraus, e Roman, deen aus verschiddenen Notizze besteet, déi si ufanks der 1960er Jore wärend engem Openthalt an enger Privatklinik zu Bad Sandberg gemaach huet. D'Buch ass eng Sammlung vun hiren existenziellen Iwwerleeungen, Erënnerungen an Anekdoten aus dem Liewen an der Privatklinik.[2]

E puer Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1966 Gratulatiounskaarten, Serie vun aacht gezeechente Kaarte fir d'Kannerduerf.
  • 2011 Pathology d'une cure, Roman.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin, n° 31, 1916.
  2. 2,0 2,1 Ludivine Jehin, "Georgette Beljon", Luxemburger Autorenlexikon, CNL.
  3. "Aus dem Memorial", Luxemburger Wort, 11. Februar 1977.
  4. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.