Äiskeller vu Saint-Gilles

Vu Wikipedia
Äiskeller vu Saint-Gilles

Den Äiskeller vu Saint-Gilles ass en Äiskeller deen 1875 vum Jean-Pierre Craninchk, dee scho Propietaire vum Äiskeller vun Ixelles war, gebaut gouf. Op N° 18 an der Rue de la Glacière steet a groussen Hangar deen eng Fläch vu ronn 15 a huet, an deem Ateliere waren a wou d'Transportgeschir stoung, fir d'Äis dat mat Schëffer aus Norwegen koum, vum Hafe vun Antwerpen, dohin ze féieren. Vun do gouf et dann u Brauereien, Spideeler, an Hoteller weidergeliwwert.

Am Buedem vum Hangar gouf d'Äis duerch 9 Lächer an den Äiskeller getippt, deen ënner dem Gebai war. De Keller hat e Grondrëss vu 42 x 42 m an e war 13 m héich. E war op dräi Stäck opgedeelt, an all Stack hat néng Äiskummeren, an déi een iwwer en 3 Meter breede Gank, de ronderëm gelaf ass, erakoum. D'Maure waren 1 Meter déck an aus Zille gebaut, grad wéi d'Verwëllefer. Just de Buedem an deem Offlossschächt fir d'Waasser waren, war aus Bëtong.

An der Rue de la Croix de Fer gouf et en zweete Keller deen en trapezfërmege Grondrëss hat. Am Ufank war deen an 3 Siloen agedeelt déi ganz bis ënner de Plaffong op waren. Eréischt méi spéit gouf deen dann horizontal an dräi gedeelt fir 9 Kummeren ze bilden, déi spéider nach eng Kéier den héije Wee an dräi gedeelt goufen. De Keller war 1875 sou grouss, datt 9.000 Tonnen Äis konnte gelagert ginn. Mat zwéi Lifter konnt d'Äis aus dem Keller eropgeholl ginn, a mat Lorrien op Schinne gouf et bis bei d'Lifter transportéiert.

An de Gäng déi ronderëm d'Kummere waren, déi eng reegelméisseg Temperatur vu - 3° Celsius haten, war e Fëschdepot, an et konnten 2.000 Véirel Fleesch do stockéiert ginn. All Dag sinn eng zéng Kare mat Äis op Bréissel an Ëmgéigend ausgeliwwert ginn.

1881 hunn d'Glacières de Saint-Gilles den Numm geännert, an hu sech Glacières de Bruxelles genannt. Ëm déi Zäit gouf och mat der Produktioun vu kënschtlechem Äis ugefaangen. Géint 1920 gouf et praktesch keen Naturäis méi, an déi 27 Kompartimenter goufen a Killraim ëmgebaut, déi iwwer e Killagregat gekillt goufen, dat vun enger Dampmaschinn ugedriwwe gouf.

Bis 1966 gouf eng Partie vum Äis nach mat Päerdsgespaner ausgeliwwert, déi dunn duerch Camionen ersat goufen. Mat der Entwécklung vun Industriefrigoen a vu Frigoe fir de Stot, ass d'Demande fir de Gebrauch vun de Killraim staark zeréckgaangen. Tëscht 1947 an 1983 war d'Geschäft vun 12.300 Tonnen Äis op 465 zeréckgaangen.

Géint 1990 war den Uewen definitiv aus. D'Gebaier goufe reamenagéiert, a sti vun do un, fir kulturell Aktivitéiten zur Verfügung.