Édouard Aschman
| Édouard Aschman | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
27. Juni 1820 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
1. Dezember 1881 Lëtzebuerg |
| Alter | 61 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dokter, Politiker |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseiller, Schäffen, President vum Collège médical |
| Member vun | Société royale de botanique de Belgique, Société de botanique du grand-duché de Luxembourg, Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
Den Édouard Aschman, gebuer als Johann Friedrich Eduard Aschman, och bekannt als Jean Frédéric Édouard Aschman[1], gebuer de 27. Juni 1820 an der Stad Lëtzebuerg[2], an och do gestuerwen den 1. Dezember 1881[3], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.[4]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet vun 1837 bis 1842 zu Bonn, Heidelberg a Würzburg Medezin studéiert an huet de 27. August 1842 säin Doktertitel kritt. Am Joer duerno huet hie sech zu Lëtzebuerg néiergelooss. Vun 1845 bis 1848 Aarmendokter an der Stad Lëtzebuerg, vun 1849 bis 1881 Médecin-inspecteur vum Kanton Capellen, vun 1849 bis 1881 Dokter vun der Association ouvrière de secours, Dokter an den Zivilhospizen (1862 – 1881), a President vun der Société des sciences médicales (1862 - 1865).
Hie war weiderhin Membre agrégé (1857) an duerno Membre effectif vun der Société royale grand-ducale des sciences naturelles, Grënnungsmember (1872), Vizepresident (1874), an duerno President (1876) vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg, President (1872) vun der Société de pisciculture. Ausserdeem war hie Membre effectif vun der Société royale de botanique de Belgique, Matgrënner vun der Casino-Gesellschaft a Member vun der Loge civile.
Vun 1852 bis 1859 war hie Sekretär an duerno – als Nofollger vum André Pondrom – vun 1859 bis 1881 President vum Collège médical[5].
Wéi vill aner Dokteren an där Zäit, war hien aktiv an der Politik engagéiert. Hie war Member vum Stater Gemengerot (gewielt 1848, 1851, 1865 an 1872), a gouf do 1862 Schäffen. Op Gemengenniveau war hien u wichtegen Entscheedunge bedeelegt, absënns dem Bau vun der Maternité am Pafendall, dem Institut fir Dafstommer, dem Gaswierk, der Waasserversuergung, der Badanstalt, asw.[6]
Bei de Chamberwale vum 4. Oktober 1853, 20. August 1857 a vum 15. September 1875 gouf hien als Deputéierten an d'Chamber gewielt.
Privates
[änneren | Quelltext änneren]De J. F. Eduard Aschman koum aus enger Dokteschfamill. Säi Papp, ursprénglech vun Talwyl an der Schwäiz, war Militärdokter, a säi Grousspapp huet och als Medeziner praktizéiert. Iwwer seng Mamm Marie-Madeleine Neuman, war hien e Koseng vum Jean Théodore Würth, engem Bouf vum Jean Baptiste Würth.[6]
Den Édouard Aschman huet sech … mat der Elisabeth Eulalie Charlotte Hastert (1827 – 1903) bestuet an d'Koppel huet op 74 an der Groussgaas gewunnt; se krute keng Kanner.[6]
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Ueber die Neugeborenheit in anatomischer, physiologischer und gerichtlichmedicinischer Hinsicht: Inaugural-Abhandlung von J. Fr. Eduard Aschman, Doctor der Medicin, Chirurgie und Geburtshülfe, Würzburg, Druck von Friedrich Ernst Thein, 1842, 49 S., Würzburg. Univ., Diss., 1842.
- Excursions dans la Flandre néerlandaise et à Wilwerwiltzpar le Dr Ed. Aschman, président de la Société botanique du Grand-Duché de Luxembourg, etc., etc., Imprimerie L. Schamburger, 1877, 35 p., extrait du Recueil des mémoires et des travaux de la Société botanique du Grand-Duché de Luxembourg, SBL, n° II-III, 1875-1876, p. 23-29 et p. 33-53.
- Rapport sur l’herborisation de la Société royale de botanique de Belgique qui eut lieu dans la Flandre néerlandaise le 29 août 1874 et jours suivants par le Dr Ed. Aschman. (Aix la Chapelle, le 12 septembre 1874).
- Les plantes insectivores. Lecture faite à la Société botanique de Luxembourg en séance du 17 mars 1877, par le Dr Ed. Aschman. * Communication faite à la Société botanique du Grand-Duché en séance du 19 mai 1877, sur une herborisation aux environs de Wilwerwiltz, in Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg, SBL N° 2-3, 1875-1876, p. 58-62.
- La ville de Luxembourg après le traité de Londres / par un conseiller communal. - Luxembourg : Th. Schroell, 1868, 17 p. ; 22 cm (Attribué à Aschman, J. - F.- Édouard d'après Martin Blum).
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (19.2.1874)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Édouard Aschman-Hastert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ franséisch Nimm um Gebuertsschäin an däitscher um Doudeschäin
- ↑ (fr) Gebuertsschäin N° 217 S. 160. Archives nationales, Ville de Luxembourg (28.06.1820). Gekuckt de 04.02.2026.
- ↑ (fr) Doudeschäin N° 360. CT-03-02-0924 Décès, 1880-1885 (Registre) S. 92. Archives nationales, Ville de Luxembourg (02.12.1881). Gekuckt de 04.02.2026.
- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "Dr Aschman-Hastert Édouard, médecin, échevin, député." Fiche op industrie.lu.
- ↑ franséisch Nimm um Gebuertsschäin an däitscher um Doudeschäin
- 1 2 3 Quell: Broschür vum Collège médical fir den 150. Anniversaire (1818 – 1968), S. 55 – 56
