Op den Inhalt sprangen

Ëffentleche Bicherschaf

Vu Wikipedia
Ëffentlech zougängleche Bicherschaf op der Theaterplaz an der Stad Lëtzebuerg.

En ëffentleche Bicherschaf ass eng Zort Schaf oder en änleche Miwwel am ëffentleche Raum an deem Bicher versuergt gi fir datt jiddereen se anonym, gratis an ouni Formalitéite léinen oder tausche kann.

D'Iddi vun den éischten ëffentleche Bicherschief geet op d'Enn vun den 1990er Joren zeréck, wou zu Darmstadt an Hannover déi éischt Schief als „kostenlose Freiluft-Bibliothek“ ((de)) opgeriicht goufen.

Den éischte Bicherschaf zu Lëtzebuerg (Den Escher Bicherschaf) steet zanter 2013 zu Esch-Uelzecht op der Stadhausplaz[1]. 2016 koumen e Schaf an der Stad[2] (De Bicherschaf), zu Dikrech an zu Ettelbréck (Bicherkabinn) derbäi. Lues a lues goufen esou Schief nach an enger Rëtsch anere Gemengen opgeriicht. 2025 goufen et der an op d'mannst 37 verschiddene Gemengen.[3]

Dacks sinn et fréier Telefonskabinnen, déi dofir ëmgebaut goufen, et ginn awer och Modeller, déi vu vir era fir Bicher gebaut goufen.[4]

Fir dass se gutt ze fonktionéieren, brauch et Leit (vun engem Gemengeservice oder Fräiwëlleger), déi geleeëntlech no de Bicherschief kucken, déi z.B. futtis Bicher, oder där déi net dohigehéieren, eraussënneren, d'Bicher riicht stellen, asw. [3]

 Commons: Ëffentleche Bicherschaf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Communique vun der Stad Esch
  2. Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg
  3. 3,0 3,1 Jessica Oé, Max Biewer: "Stöbern, lesen, tauschen: Das Prinzip Bücherschrank ist in vielen Gemeinden angekommen." tageblatt.lu, 28.08.2025.
  4. Jessica Oé, Max Biewer: "Wo sich die 'Bicherschief' in den Luxemburger Gemeinden [be]finden." tageblatt,lu, 28.08,2025.