Miwwelen

Vu Wikipedia

Miwwelen (an der Eenzuel: Miwwel oder Miwwelstéck) ass en Iwwerbegrëff fir Géigestänn, déi benotzt gi fir Banneraim wéi zum Beispill Wunnengen, Butteker oder Bürosraim anzeriichten. Si ginn deelweis och am Bausseberäich agesat. De Begrëff kënnt vum laténgesche Wuert mobilis ("beweeglech") a steet domat am Géigesaz zu de Saachen, déi een net beweege kann (Immobilien), well se am Buedem verankert sinn oder soss iergendwéi fest verbonne sinn.

E Miwwelstéck erliichtert bestëmmt mënschlech Aktivitéiten wéi d'Sëtzen (Stull, Hocker, Fotell...) oder d'Schlofen (Bett...). Miwwele ginn och benotzt fir Objeten op enger praktescher Héicht fir ze Schaffen ze halen (horizontal Fläche wéi en Dësch oder e Schreifdësch) oder fir Objeten ze raumen (Regal, Schaf...). Si hunn also eng funktionell Roll, mä kënnen awer och en Designprodukt sinn an als dekoratiivt Element ugesi ginn. Donieft kënne Miwwelen e symboleschen oder reliéisen Zweck hunn.

Holz, Metall oder Plastik sinn e puer vun de Materialien, aus deene Miwwele kënne gemaach ginn.

Déi éischt Miwwele sinn an der Jongsteenzäit opkomm.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Miwwelen – Biller, Videoen oder Audiodateien