Ëffentleche Bicherschaf
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En ëffentleche Bicherschaf ass eng Zort Schaf oder en änleche Miwwel am ëffentleche Raum an deem Bicher versuergt gi fir datt jiddereen se anonym, gratis an ouni Formalitéite léinen oder tausche kann.
D'Iddi vun den éischten ëffentleche Bicherschief geet op d'Enn vun den 1990er Joren zeréck, wou zu Darmstadt an Hannover déi éischt Schief als „kostenlose Freiluft-Bibliothek“ ((de)) opgeriicht goufen.
Den éischte Bicherschaf zu Lëtzebuerg (« Den Escher Bicherschaf ») steet zanter 2013 zu Esch-Uelzecht op der Stadhausplaz[1]. 2016 koumen e Schaf an der Stad[2] (« De Bicherschaf »), zu Dikrech an zu Ettelbréck (« Bicherkabinn ») derbäi. Lues a lues goufen esou Schief nach an enger Rëtsch anere Gemengen opgeriicht.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Bicherbox zu Hesper
-
De Walfer Bicherschaf
-
D'Bicherkabinn zu Luerenzweiler
-
Den Escher Bicherschaf
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ëffentleche Bicherschaf – Biller, Videoen oder Audiodateien |