Ćevapi

Vu Wikipedia

Ćevapi (Kyrillesch: ћевапи) oder Ćevapčići (den Diminutiv; Kyrillesch: ћевапчићи) sinn e Plat aus gegrilltem Gehacktes, deen traditionell am Balkan zerwéiert gëtt. E gëllt als Nationalplat a Bosnien an Herzegowina, Kroatien a Serbien an ass och an anere Länner a Südosteuropa (deels ënner engem aneren Numm) geleefeg. De Plat besteet generell aus fënnef bis fofzéng Ćevapi op engem Teller oder op enger Tranche Brout (lepinje oder somun genannt), dat dacks mat geschniddenen Ënnen, Sauerram, Kajmak, Ajvar, Feta, roudem Paprika an/oder Kabes zerwéiert gëtt. Déi bosnesch Ćevapi ginn aus zwou Aarte Gehacktes vum Rand gemaach, déi serbesch entweeder mat Rënns-, Schofs-, Schwéngefleesch oder engem Mix dervun. D'Ćevapi si meeschtens tëscht 5 an 10 Zentimeter laang an 1 bis 2 Zentimeter déck.

Ćevapi hunn hiren Ursprong am Balkan wärend der osmanescher Zäit a sinn eng regional Spezialitéit, déi den tierkesche Köfte Kebab gläicht.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ćevapčići – Biller, Videoen oder Audiodateien