Op den Inhalt sprangen

(13) Egeria

Vu Wikipedia
(13) Egeria
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,575 AE
Exzentrizitéit 0,0858
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 48 d
Mëttel Bunnvitess 18,5 km/s
Inklinatioun 16,54 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 217 × 196 km
Mass 9,4 • 1018kg
Mëttel Dicht zirka 2 g/cm3
Rotatiounsperiod 7 h 3 min
Albedo geometresch Albedo: 0,083 ± 0,007
Radar-Albedo: 0,059 ± 0,023[1].
Absolut Hellegkeet 6,7M
Spektralklass Tholen-Klassifikation: G
SMASS-Klassifikation: Ch
Entdeckung
Entdecker Annibale de Gasparis
Entdeckungsdatum 2. November 1850
Plaz Neapel

Den (13) Egeria ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture

Den Egeria gouf den 2. November 1850 vum Annibale de Gasparis als dräizéngten Asteroid entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Quellnymph Egeria aus der réimescher Mythologie genannt.

Den Egeria beweegt sech a 4,1 Joer op enger ongeféierer Distanz vun 2,4 (Perihel) bis 2,8 (Aphel) astronomeschen Eenheeten, ëm d'Sonn. D'Bunn steet mat ongeféier 16,5° staark schréi géint d'Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass ongféier 0,086.

Mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 200 Kilometer ass den Egeria ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng däischter kuelestoffhalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun ongeféier 0,08. A 7 Stonnen a 3 Minutten rotéiert hien ëm seng eegen Achs.

Den 8. Januar 1992 gouf eng Stärebedeckung vum Egeria observéiert. Duerch d'Auswäertung vum Liichtbou konnt d'Gréisst vum Asteroid op 217 × 196 km bestëmmt ginn.

Mat Spektralanalyse konnt och nogewise ginn, datt den Egeria zu 10,5–11,5 % aus Wasseräis besteet[2].

Portal Astronomie

Stationär, da réckleefegOppositiounDistanzHellegkeetStationär, da rechtleefegKonjunktioun zu der Sonn
11. Abrëll 20143. Juni 20141,70259 AE10,5 mag23. Juli 201421. Januar 2015
30. Juli 201514. September 20151,75342 AE10,7 mag12. November 20153. Mee 2016
2. Dezember 20169. Januar 20171,43782 AE10,1 mag24. Februar 201726. September 2017

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Christopher Magri, Michael C. Nolan, Steven J. Ostroc, Jon D. Giorgini: A radar survey of main-belt asteroids: Arecibo observations of 55 objects during 1999–2003. In: Icarus. Nummer 186, 2007, S. 137, DOI:10.1016/j.icarus.2006.08.018
  2. http://www.lpi.usra.edu/meetings/lpsc2002/pdf/1414.pdf