Op den Inhalt sprangen

(16) Psyche

Vu Wikipedia
(16) Psyche
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,921 AE
Exzentrizitéit 0,1377
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 362 d
Mëttel Bunnvitess 17,3 km/s
Inklinatioun 3,10 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 280 × 230 × 190 km
Mass ca. 1,7 • 1019 kg
Mëttel Dicht ca. 2,0 g/cm3[1]
Rotatiounsperiod 4 h 12 min
Albedo 0,12
Absolut Hellegkeet 5,9
Spektralklass M
Entdeckung
Entdecker Annibale de Gasparis
Entdeckungsdatum 17. Mäerz 1852
Plaz Neapel

Den (16) Psyche ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

Hie gouf de 17. Abrëll 1852 vum Annibale de Gasparis entdeckt. Den Himmelskierper gouf no der Psyche, der Fra vum griichesche Gott Eros, genannt.

Animatioun vum Psyche-Orbit

De Psyche beweegt sech op enger Distanz vun 2,5 (Perihel) bis 3,3 (Aphel) astronomesch Eenheeten a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 3,1° géint d'Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,14.

Mat engem Duerchmiesser vun 250 km ass de Psyche ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,12. A 4 Stonnen an 12 Minutte rotéiert hien eemol ëm seng eegen Achs.

Radarobservatioune weisen, datt de Psyche aus Eisen an Néckel besteet. Am Géigesaz zu aneren M-Klass-Asteroide konnt op der Uewerfläch kee Waasser oder waasserhaltegt Material nogewise ginn. Dat deit och op e metalleschen Asteroid hin.

Stationär, réckleefegOppositiounMinimaldistanz (AE)Maximalhellegkeet (mag)Stationär, rechtleefegKonjunktioun zu der Sonn
17. Mäerz 20139. Mee 20132,2524110,44. Juli 201317. Dezember 2013
18. Juni 20145. August 20141,698309,321. September 20142. Abrëll 2015
22. Oktober 20158. Dezember 20151,676459,424. Januar 201627. Juli 2016

Portal Astronomie

  1. Asteroid bulk density measurements lpi.usra.edu, PDF gekuckt den 28. Oktober 2011