(22) Kalliope

Vu Wikipedia
(22) Kalliope
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,911 A.E.
Exzentrizitéit 0,1021
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 353 d
Mëttel Bunnvitess 17,4 km/s
Inklinatioun 13,70 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 181 km
Mass 7,37 × 1018 kg
Mëttel Dicht 2,03 g/cm3
Rotatiounsperiod 4 h 9 min
Albedo 0,1419
Absolut Hellegkeet 6,45
Spektralklass M
Entdeckung
Entdecker J. R. Hind
Entdeckungsdatum 16. November 1852
Plaz London
Aner Bezeechnungen 1938 CL, 1974 QT2


Den (22) Kalliope ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

Den Objet gouf de 16. November 1852 vum John Russell Hind entdeckt.

Der Himmelskierper gouf no der Kalliope, der Mus vun der eepescher Dichtung, vun der Wëssenschaft genannt.

De Kalliope beweegt sech op enger Distanz vun 2,610 (Perihel) bis 3,21 (Aphel) A.E., a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,7° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.

De Kalliope huet en Duerchmiesser vun 181 Kilometer an ass domat ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. A 4 Stonnen an 9 Minutte rotéiert de Kierper ëm seng eegen Achs.

De Kalliope huet e Mound, dee Linus genannt gëtt. De Mound huet en Duerchmiesser vun 38 km a kreest ëm de Kalliope op enger kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger Distanz vun 1065 km an 3,59 Deeg.

Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Stationär, da réckleefeg Oppositioun Stationär, da rechtleefeg Minimaldistanz (AE) Maximalhellegkeet (mag) Konjunktioun zu der Sonn
10. November 2013 20. Abrëll 2014 13. Juni 2014 2,17218 10,9 7. August 2014
20. Januar 2015 28. Juli 2015 8. September 2015 1,85526 10,5 4. November 2015
28. Abrëll 2016 12. November 2016 27. Dezember 2016 1,67969 10,0 13. Februar 2017

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]