(87) Sylvia

Vu Wikipedia
(87) Sylvia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Cybele-Asteroiden
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,486 A.E.
Exzentrizitéit 0,0815
Sideresch Ëmlafzäit 6 a 186 d
Mëttel Bunnvitess 15,9 km/s
Inklinatioun 266,0 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 261 km
Mass 1,48 × 1019kg
Mëttel Dicht 1,2 g/cm3
Rotatiounsperiod 5 h 11 min
Albedo 0,04
Absolut Hellegkeet 6,9M
Spektralklass P
Entdeckung
Entdecker N. R. Pogson
Entdeckungsdatum 16. Mee 1866
Plaz Observatoire vu Madras
Aner Bezeechnungen A909 GA


Den (87) Sylvia ass en Asteroid, dee sech um baussenzege Beräich vun der Haaptasteroidenceinture beweegt.

Hie gouf de 16. Mee 1866 vum Norman Robert Pogson um Observatoire vu Madras (Chennai) an Indien entdeckt.

Den Asteroid gouf no der Rhea Silvia genannt, der Mamm vum Romulus a Remus an der réimescher Mythologie.

De Sylvia beweegt sech tëscht 3,2 AE (Perihel) an 3,8 AE (Aphel) a ronn 6,5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,08, d'Bunn steet zirka 11° schréi zu der Ekliptik.

Mat engem mëttleren Duerchmiesser vun 260 km ass et den aachtgréissten Objet vun der Haaptceinture. A ronn fënnef Stonnen an eelef Minutte rotéiert hien ëm seng eegen Achs. Seng Uewerfläch ass däischter a seng Albedo ass zirka véier Prozent.

Den 23. Februar 2001 gouf um Keck-Observatoire mat adaptiver Optik e Begleeder beim Asteroid Sylvia entdeckt. Duerch weider Observatioune mam Very Large Telescope am Joer 2004 konnt nach e weidere Begleeder fonnt ginn: de Sylvia ass sou den éischte bekannten Asteroid mat zwéin Mounden. Den éischten, Romulus, huet en Duerchmiesser vun 18 km an ëmkreest de Sylvia an 3,65 Deeg op enger Distanz vun 1.356 km. Den zweeten, Remus, ass nëmme 7 km grouss a beweegt sech an 33 Stonnen op der Distanz vu 710 km ëm den Asteroid. Béid Objete kreesen ëm den Asteroid op quasi kreesfërmegen (Exzentrizitéit = 0,001 respektiv 0,016) an op bal equatorialen (Bunnschréi ≈ 1°) Bunnen. Als passend Nimm fir déi béid Trabante goufen d'Nimm Romulus a Remus vun der Internationalen Astronomischen Union (IAU) festgeluecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]