11. Arrondissement vu Paräis
Quartieren |
Folie-Méricourt, Saint-Ambroise, Roquette, Sainte-Marguerite |
---|---|
Buergermeeschter | François Vauglin |
Awunner | 142.583 |
Fläch | 3,67 km² |
Postcode | 75011 |
INSEE-Code | 75111 |
Koordinaten | 48°51'31,24"N, 2°22'45,50"O |
Den 11. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Popincourt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass en diskreeten an e manner touristeschen Arrondissement wéi anerer. En huet eng aussergewéinlech Roll an der Geschicht vu Paräis a vu Frankräich gespillt. E louch am Häerz vum revolutionäre Frankräich a vun de groussen Aarbechterrevolte vum 19. Joerhonnert.
Am 11. Arrondissement gouf et fréier haaptsächlech Handwierksbetriber, haut ass et éischter e populären Arrondissement mat Baren an Diskothéike ronderëm der Place de la Bastille, der Rue Oberkampf an der Rue de Lappe.
Geographesch Lag
[änneren | Quelltext änneren]Den 11. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 20., am Westen un den 3. an den 10., am Norden un den 19. an am Süden un den 12. Arrondissement.
Quartieren
[änneren | Quelltext änneren]Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 41. Quartier de la Folie-Méricourt
- 42. Quartier Saint-Ambroise
- 43. Quartier de la Roquette
- 44. Quartier Sainte-Marguerite
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kierch Saint-Joseph-des-Nations
-
D'Gemeng vum 11. Arrondissement
-
Um Square Jules Ferry
-
Statu La Grisette
-
Den Dejean-Buer
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kleng Auswiel:
- Le Cirque d'hiver
- Bataclan
- Musée Édith Piaf
- Kierch Saint-Ambroise
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 11. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]