67P/Tschurjumow-Gerassimenko

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
67P/Tschurjumow-Gerassimenko
De Koméit, opgeholl vun derRosetta
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,4628
Perihel 1,2432 AE
Aphel 5,6824 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.6410
Perihelduerchgank 28. Februar 2009
Ëmlafdauer 6,44 Joer
Ëmlafvitesse 33,51 km/s
Mass ≈ 1013
Volumen ≈ 25 km³
Dicht 0,4
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser zirka 4 km × 3,5 km × 3,5 km
Entdecker Klym Tschurjumow,

Swetlana Gerassimenko

Entdeckungsdatum 11. September 1969
Aner Bezeechnungen 1969 IV

Den Tschurjumow-Gerassimenko, offiziellen Numm 67P/Churyumov-Gerasimenko (engl.)[1], vun de Fuerscher ofgekierzt 67P/C-G, an zanter Mëtt 2014 och vun de Medien dacks Tschuri genannt, ass e kuerzperiodesche Koméit, deen tëscht August 2014 a September 2016 vun der Raumsond Rosetta begleet gouf, ier dës op de Koméit eroffale gelooss gouf. Den 12. November 2014 konnt de Lander Philae ofgesat ginn, eng Première fir e Koméit. Déi geplangt Landeplaz gouf de 4. November 2014, no enger ëffentlecher Ausschreiwung, no enger Insel am Nil op den Numm Agilkia gedeeft. Dës gouf zwar ugesteiert, mä de Lander koum eréischt no engem drëtten Opsetzer zur Rou.[2]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf 1969 am Institut fir Astrophysik vun Alma-Ata vum Klym Tschurjumow entdeckt, wou hien eng Fotoplack vum Koméit Comas Solà ënnersicht hat, déi vum Swetlana Gerassimenko den 11. September 1969 beliicht gouf. Um Rand vun der Plack hat hien e koméitenähnlecht Objet gesinn an hat ugeholl, datt et sech ëm de Comas Solà handele géif. No senger Heemrees op Kiew goufen all Fotoplacken méi genee ënnersicht. Den 22. Oktober hat een entdeckt, datt den Objet net de besote Koméit konnt sinn, well seng Positioun ëm méi wéi 1,8° vun der erwarter ewech louch.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmlafbunn vum Tschurjumow-Gerassimenko huet eng wiesselhaft Geschicht. Wéi bei villen aneren ufanks laangperiodesche Koméite gouf seng Bunn duerch säin no Erukommen un ee vun de grousse Planéiten – hei de Jupiter – gestéiert. Hie gouf „agefaangen“ a gouf sou e kuerzperiodesche Koméit an och Member vun der Jupiterfamill. No Berechnunge war et och no dësem Afänken ëm 1840 net méiglech, hien z'observéieren. Duerno huet de Jupiter duerch seng Schwéierkraaft d'Ëmlafbunn vum Koméit op en Neits verännert, sou datt seng Distanz am Perihel ufanks ongeféier 3 AE war. Spéider, am Joer 1959, huet dann en neie Rendez-vous mam Jupiter hien op seng aktuell Ëmlafbunn bruecht. Seng Periheldistanz ass haut ronn 1,3 AE.

Observatioune mam Hubble[änneren | Quelltext änneren]

A Virbereedung fir d'Rosetta-Missioun goufen den 11. an 12. Mäerz 2003 mam Hubble-Weltraumteleskop iwwer 21 Stonnen 61 Biller vum Koméit opgeholl. Et hat sech eng Rotatiounsperiod vu ronn 12 Stonnen erginn. De Koméit huet eng längelzech, onregelméisseg Form mat Duerchmiesser vu ronn 3 km respektiv 5 km.[3]

Observatioune mat Rosetta[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.png 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
Mat enger Albedo vu ronn 5% géif de Koméit dem mënschlechen A sou schwaarz wéi Holzkuelen erschéngen. De Kontrast vun de Biller gouf sou opgehellt, datt déi hellste Pixel wäiss sinn. NAVCAM-Mosaik vun Enn September aus 28,5 km Distanz.[4]
Rau a rësseg Landschaft

D'OSIRIS-Kamera vun der Raumsond huet den 11. Juli 2014 eng Bildsequenz opgeholl, déi unhuele gelooss huet, datt den Tschurjumow-Gerassimenko aus zwéin ënnerschiddlech grousse Kierper, déi sech beréieren, bestoe kéint. D'Foto huet erginn datt de Kierper e bëssi méi kleng ass, wéi ufanks ugeholl gouf. D'Mass gouf dogéint ëm de Fakter dräi op 1•1013 kg ±10 % no uewe korrigéiert.[5] Zanter Ufank August 2014 weise Biller vill Detailer vun der Uewerfläch, bis hin zu eenzele Gestengsdeeler.[6]

Landung vun der Sond Philae[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. November 2014 um 17:03 Uhr MEZ ass d'Sond Philae um Koméit gelant. D'Signallafzäit war bei enger Distanz vu 500 Millioune Kilometer op d'Äerd 28 Minutten an 20 Sekonnen. Den 100 kg schwéiere Lander Philae gouf virdru vun der Rosetta ofgetrennt an du vun der klenger Gravitatiounskraaft vum Koméit a Richtung Landung beweegt.

D'Rosetta-Sond ass mat enger 2,2-Meter-Parabolantenn de Repeater fir d'Kommunikatioun vun der Philae mam Deep Space Network op der Äerd.[7]

D'Gravitatiounsvitesse op der Koméitenuewerfläch ass zirka 1/100.000 vun der Äerdvitesse (0,1 mm/s²). D'Philae huet eng Mass vun 100 kg mat entspriechender Inertie, op de Lander wierkt nëmmen eng Gewiichtskraaft, déi där vun 1 Gramm op der Äerd entsprécht.[8]

De Lander war zweemol ofgeprallt, ier e baussenzeg vun der Zilregioun „J“ un d'Stoe koum. En Deel vun der Upress-Gasdüs hat net funktionéiert, d'Harpunen an d'Äisschrauwe waren net aktiv ginn. Doduerch konnt de Lander beim éischte Kontakt net op der Zilplaz landen an ass zweemol gesprongen. Nom zweete Sprong koum hien op zwee Been un d'Stoen. Op där Plaz ass d'Sonnenastralung awer nëmme nach 1,5 Stonnen, vun 13 Stonnen am Koméitendag, amplaz sechs Stonne wéi geplangt. D'Energieversuergung vum Lander mat de Solarzellen op där Distanz vun der Sonn ass net grouss genuch a kéint zirka 20 Prozent vun der Missioun a Gefor bréngen. Ier d'Batterien eidel waren an de Lander sech an e Schlofmodus geschalt hat, konnt déi gréisst Solarzell nach ëm 35 Grad an eng besser Positioun gedréit ginn. Schonn de 14. November waren 80 Prozent vun de wëssenschaftlechen Ziler erreecht, mat deem dann nach lafende Cosac-Experiment wieren 90 Prozent erreecht.[9]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tschurjumow-Gerassimenko – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IAU MPC, ofgeruff den 10. August 2014
  2. http://www.esa.int/Our_Activities/Space_Science/Rosetta/Farewell_J_hello_Agilkia
  3. ESA: Hubble leistet Hilfestellung für Kometenmission Rosetta, 8. September 2003
  4. NAVCAM’S SHADES OF GREY, rosetta blog de 17. Oktober 2014
  5. ESA: Determining the mass of comet 67P/C-G, 21. August 2014 (op Basis vu one-way-Doppler-Miessunge während dem éischte CAT-Bou, vum 6. bis de 9. August 2014).
  6. Cheops – e grousse Batz um Koméit 67P@spektrum.de, ofgeruff den 12. Oktober 2014
  7. Gelant - "Philae" ass op dem Koméit "Rosetta"_Liveticker, science.orf.at, 12. November 2014, ofgeruff um 18.30 Auer
  8. Podiumsdiskussion vom 14. November 2014
  9. Philae ass roueg - All wëssenschaftlech Daten sinn iwwerdroen, NZZ, 15. November 2014 - souwéi Printversioun vun der NZZ vum 15. November, Säit 26: "Philaes Batterien si gelähmt" mat den 80 /90 Prozent, "egal ob sech d'Batterien oplueden oder net"