Op den Inhalt sprangen

(9) Metis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 9 Metis)
(9) Metis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3865 AE
Exzentrizitéit 0,2195
Sideresch Ëmlafzäit 3,6867 Joer
Mëttel Bunnvitess 19,2 km/s
Inklinatioun 5,5763 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 190 km
Mass ~9×1018 kg
Mëttel Dicht ~2,7 g/cm3
Rotatiounsperiod 5,970 h
Albedo 0,139
Absolut Hellegkeet 6,28
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Andrew Graham
Entdeckungsdatum 1848
Plaz Markree Castle
Aner Bezeechnungen 1974 QU2

Den (9) Metis ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 25. Abrëll 1848 vum Andrew Graham als néngten Asteroid entdeckt gouf. Den Numm bezitt sech op déi griichesch Gëttin Metis, d'Mamm vun der Athene.

De Metis beweegt sech op engem Ofstand vun 2,0954 (Perihel) bis 2,6775 (Aphel) astronomesch Eenheeten, an 3,6867 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn huet eng Schréi vu 5,5763° géint d'Ekliptikt, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2195.

De Metis huet en Duerchmiesser vun 190 km. Hie rotéiert a ronn 5 Stonnen ëm seng eegen Achs. D'Albedo ass 0,139. Wärend der Oppositioun erreecht de Metis eng Hellegkeet vun 9,1 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel.

Den Asteroid huet eng onreegelméisseg Form.

Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound. Den 9 Metis ass den zweete vu riets.
Stationär
da réckleefeg
OppositiounOpposition
Distanz
Oppositioun
Hellegkeet
Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
19. Januar 20063. Mäerz 20061,35200AE9.1 mag20. Abrëll 20067. Juni 2005
4. Mee 200723. Juni 20071,64582AE9.7 mag13. August 20075. November 2006
24. September 20085. November 20081,13923AE8.4 mag19. Dezember 200815. Februar 2008

Portal Astronomie