AR Scorpii

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Duebelstär AR Scorpii
Kënschtleresch Duerstellung vum Duebelstäresystem
AR Scorpii - Stärebild Scorpius
Numm AR Scorpii
Stärebild: (Sco)
Daten
Rektaszensioun 16:21:47,283
Deklinatioun − 22:53:10,386
Spektralklass: WD + M5 Ve
Gréissteklass 14,58 mag
Distanz (384 ± 2) 4 Lj / 118
Parallax: (8,49 ± 0,04)
Mass: 0,81 bis 1,29 / 0,28 bis 0,45
Rotatioun: 117 s / ?
Aner Bezeechnungen
2MASS J16214728-2253102

Den AR Scorpii (AR Sco) ass e verännerlechen Duebelstäresystem. Hie besteet aus engem Wäissen Zwerg an engem Rouden Zwerg am Stärebild Scorpius. Hie läit op enger Distanz vu ronn 380 Liichtjoer vun eis ewech. Ufanks hat een d'System fir e verännerlechen Delta-Scuti-Eenzelstär gehalen. Eréischt duerch Amateurastronomen gouf erkannt, datt et sech beim Stäresystem ëm eppes spezielles handelt, woufir d'System méi genee ënnersicht gouf. Entspriechend gouf d'Duebelstärnatur eréisct am Joer 2016 entdeckt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Wäissen Zwerg rotéiert all 117 Sekonnen ëm seng eegen Achs a send ähnlech wéi e Pulsar Radiowellen aus, woumat hien och als éischten „White Dwarf Pulsar“ bezeechent ka ginn. Hien huet ausserdeem e Magnéitfeld mat enger Flossdicht vun 500 Megagauss. De Rouden Zwerg liicht duerch d'Stralung vu sengem séier rotéierenden Wäissen Zwerg periodesch all 3,5 Stonnen op.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie