Aire de Wasserbillig
Aire de Wasserbillig ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A1, nërdlech vu Waasserbëlleg an der Gemeng Mäertert a westlech vum däitsche Laser.
Virum Akraafttriede vun de Schengener Accorde war den Terrain e Grenzposte mat engem Douanesbüro; déi deemoleg Gebaier sinn hautdesdaags deels an de Komplex vun der Raschtplaz integréiert ginn.
Waasserbëlleg-Nord
[änneren | Quelltext änneren]D'Raschtplaz Waasserbëlleg-Nord ((fr) Aire de Wasserbillig-Nord) läit um KP 35,50 tëscht der Sauerdallbréck an dem Viaduc iwwer d'Sernigerbaach an der Richtung fir an d'Stad Lëtzebuerg. D'Ausfaart Waasserbëlleg (N° 15) leeft laanscht den nërdleche Bord vun der Raschtplaz a stéisst südwestlech dovun op den CR141B.
D'Bensinnsstatioun gëtt vun TotalEnergies exploitéiert[1]. Op der Raschtplaz gëtt et eng Cafeteria vun „Café Bonjour“.
Waasserbëlleg-Süd
[änneren | Quelltext änneren]An der Richtung fir op Tréier läit d'Raschtplaz Waasserbëlleg-Süd ((fr) Aire de Wasserbillig-Sud) e knappe Kilometer virun der däitscher Grenz um KP 35,50. Se läit nërdlech vum Park-and-Ride Miesenech an nërdlech vun der Ausfaart Waasserbëlleg (N° 15). Ëstlech laanscht d'Raschtplaz leeft d'Opfaart Waasserbëlleg fir a Richtung Däitschland ze fueren.
D'Bensinnsstatioun gëtt vun TotalEnergies exploitéiert[2]. De Restaurant Burger King deen zënter 2011 do besteet, war den éischte Restaurant deen d'Fast-Food-Chaîne zu Lëtzebuerg opgemaach hat[3].
Zukunftspläng
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Mäertert plangt fir hire PAP ëmz'ännere fir datt se d'Méiglechkeet kréien d'Terraine ronderëm d'Aire de Wasserbillig ëmzeklasséieren an esou e Pôle d'échange kënnen ze schafen[4].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aire de Wasserbillig – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ WASSERBILLIG NL000066. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ WASSERBILLIG NL004019. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ (de)Fastfood Burgerkrieg in Wasserbillig. Revue, 66. Jg., nº 23, p. 9 (08.06.2011). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ (de)Luxplan, Modification du PAG „Aire de Wasserbillig“ à Wasserbillig. Commune de Mertert. Gekuckt de(n) 08.08.2024.