Alain Kleeblatt
| Alain Kleeblatt | |
|---|---|
|
Den Alain Kleeblatt mam Jean-Claude Juncker | |
| Gebuer | 23. Juli 1955 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Journalist |
|
| |
Den Alain Kleeblatt, gebuer den 23. Juli 1955 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Journalist an duerno parlamentareschen Attaché vun der ADR. An der Pensioun produzéiert hie Videodocumentairen ënner dem Logo 4K Films Lux.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Als Jong vum Mimi a Jules Kleeblatt wiisst hien zu Esch op a mécht en Deel vu sengem Secondaire Baaschtnecher Kolléisch, wou en och am Internat war.
Mat 15 Joer geet en op d'Eisebunn als élève d'exploitation, schafft an de Garë vun Esch, Beetebuerg, Diddeleng, Bierchem a Bieles.
Nieft sengem Beruff als Eisebunner schafft hien als Korrespondent fir de Républicain Lorrain, souwuel an der Lokalrubrik wéi och am Sport (Autosport, Motocross, Kampfsportarten).
Spéider entdeckt en de Computer, schreift Comptabilitéits- a Paieprogrammer a grënnt seng eege Firma Softlux déi bis zu fënnef Leit beschäftegt.
Wéi d'Firma 1999 an d'Bréch geet, geet hien haaptberufflech bei de Républicain Lorrain, a wiesselt du bei de Le Quotidien wéi deen am Hierscht 2001 gegrënnt gouf.
Am Républicain Lorrain a spéider am Quotidien schreift den Alain Kleeblatt haaptsächlech iwwer Politik a Soziales. Am Quotidien hat en och eng reegelméisseg Autossäit (all Mëttwoch).
Hie war Member vum Syndicat des journalistes - Luxembourg a Member vum Conseil de presse.
Vum Dezember 2010 u bedreift en um Spaweck eng Publikatioun op Lëtzebuergesch iwwer Motoen, wou en och d'Missioun vum Chefredakter vu moto-online.lu iwwerholl hat.
An der Pensioun geet en als "Auditeur libre" a Coursen an der Geschicht an an der Lëtzebuerger Sprooch. Duerno mécht en eng Formatioun als Touristeguide fir de Süden (ORT Redrock) an den Zentrum (ORT Guttland).
An der Pensioun féiert hien seng Leidenschaft fir Journalismus weider mat engem selbstännege Youtube-Kanal mat Dokumentatiounen iwwer Evenementer zu Lëtzebuerg, vun Auto bis Zäitzeien iwwer Concerten.
Hien ass Papp vun zwee Kanner, dem Sven an dem Angie, war e Motosgeck an elo en Oldtimerfan. Hien ass ausserdeem e Baha'i.
