Alain Wagner

Vu Wikipedia

Den Alain Wagner, gebuer de 17. Januar 1971 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Professer am Secondaire an Auteur.

No senge Secondairesstudien am Lycée Hubert-Clément, zu Esch-Uelzecht (1990), huet den Alain Wagner Romanistik am Centre universitaire an der Stad an op der Universitéit vun Nanzeg (Nancy II) studéiert. No sengem Diplôme d'études approfondies (DEA) ass hie Professer am Secondaire ginn. Vun 2004 bis 2016 huet hien am Stater Lycée Michel-Rodange Franséisch a Latäin ënnerriicht. Zënter der Rentrée 2016/2017 ass hien am Athénée de Luxembourg ugestallt.

Tëscht 2003 an 2008 war hien aktiv am Comité exécutif vun der APESS engagéiert. Zanter 2006 ass hie Sekretär vun der APFL, der Associatioun vun de Franséischprofesseren am Lëtzebuerger Land.

Als Auteur publizéiert hie reegelméisseg literaresch Texter, Artikelen iwwer Literatur, grouss Auteuren oder historesch Theemen an Iwwerleeungen zur Evolutioun vum lëtzebuergeschen Enseignement, ë. a. an der Kulturbäilag "Die Warte - Perspectives" vum Luxemburger Wort oder an de Kulturzäitschrëften nos cahiers a récré. Op RTL Radio ass hien e puermol am Joer an der Emissioun "Carte blanche" ze héieren.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Noël (Kuerzgeschicht) ; in: récré, 19 (2003), Ss. 19-45.
  • L'assassinat de Kennedy: du mythe conspirationniste à l'acceptation des faits ; in: récré, 20 (2004), Ss. 153-181.
  • Sartre et Camus - l'inévitable divorce ; an 2 Deeler publizéiert in: Die Warte - Perspectives (=> Luxemburger Wort vum 21. an 28.September 2006).
  • Philippe Claudel ou l'écriture du deuil - Notes sur l'oeuvre romanesque de l'auteur des <<Âmes grises>> ; in: récré, 22 (2006), Ss. 199-251.
  • Lettres d'un randonneur ; Lëtzebuerg (St-Paulus), 2006; 271 S. (mat Fotoen, déi den Auteur selwer geholl huet); ISBN 2-87996-749-X
  • Giraudoux ou le destin à l'échelle de l'homme ; in: Nos cahiers 1/2008, Ss. 87-114.
  • En avoir raison (Poesie) ; in: récré, 24 (2009), Ss. 22-35.
  • Le sourire du sacrifié ; in: nos cahiers, 31 (2010), Nr. 1, Ss. 43-55.- Text, deen am literaresche Concours, am Kader vum 30. Anniversaire vun nos cahiers, priméiert gouf.
  • L'antre des bienveillants (Kuerzgeschicht) ; in: Ausbléck 26 / récré, éditions de l'APESS, 2011, Ss. 143-176.
  • Rentrée scolaire 2011-2012: Petit abécédaire de l'enseignement contemporain - 26 réflexions plus ou moins (ir)révérencieuses autour de l'école et de la politique éducative ; an 3 Deeler publizéiert in: Die Warte - Perspectives, Nr. 25/2339, Ss. 4-5 (=> Luxemburger Wort vum 22. September 2011), Nr. 26/2340, Ss. 4-5 (=> Luxemburger Wort vum 29. September 2011) an Nr. 27/2341, Ss. 6-7 (=> Luxemburger Wort vum 6. Oktober 2011).
  • Ouvertures pédagogiques et littéraires ; erausgi vun der APESS, 2012; 272 S.; ISBN 978-2-87979-036-7
  • Le débat autour de la réorganisation du lycée: Les impasses d'une réforme - Les raisons du "non possumus" des enseignants ; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 8/2358, Ss. 4-5 (=> Luxemburger Wort vum 1. Mäerz 2012) & Nr. 9/2359, Ss. 4-5 (=> Luxemburger Wort vum 8. Mäerz 2012).
  • César et Cicéron - itinéraires croisés: les méandres d'une rivalité paradoxale ; an 9 Deeler publizéiert in: Die Warte - Perspectives (=> Luxemburger Wort vum 15.11.2012, 22.11.2012, 29.11.2012, 06.12.2012, 13.12.2012, 20.12.2012, 10.01.2013, 17.01.2013, 24.01.2013).
  • 77 haïkus de survie ; in: Nos cahiers 4/2012, Ss. 49-60.
  • Professeur de vie ; in: récré, 27 (2013), Ss. 183-225.
  • Sans raison (Poesie) ; in: récré, 28 (2014), Ss. 37-55.
  • Petit bilan à mi-parcours (Perséinleche Réckbléck op 20 Joer Enseignement) ; in: Nos cahiers 2/2016, Ss. 19-33.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Laureat vum literaresche Concours, deen am Kader vum 30. Anniversaire vun der Zäitschrëft nos cahiers organiséiert gouf.
  • Hien huet 2014 an 2016 de Concours RTL Dictée gewonnen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]