Albert Clemang

Vu Wikipedia
Versioun vum 08:20, 2. Dez. 2019 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: clean up, replaced: Bewegung → Beweegung using AWB).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Clemang
Gebuer 5. Juni 1868
Suessem
Gestuerwen 26. Januar 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker, Ingenieur

Den Albert Clemang gebuer 1868 a gestuerwen 1953 war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Nodeem den Albert Clemang säi Secondaire an der Industrieschoul gemaach hat, goung hien op Universitéit vu Louvain en Ingenieursstudium maachen. Dat huet hien als Ingénieur des arts et manufactures du génie civil et des mines 1892 ofgeschloss. No engem Stage op der Dummeldenger Schmelz, goung hien an Däitschland bei d'Maschinenfabrik Köln-Bayenthal schaffen, an duerno op d'Schmelz zu Burbach. Op der Other Schmelz huet hie sech ëm d'Konstruktioun vun den Héichiewe bekëmmert. No sengem Bestietnes 1901 huet hie sech definitiv zu Lëtzebuerg néiergelooss.

1928 huet hien zesumme mam Gaston Diderich an dem Marcel Cahen de Parti radical[1] gegrënnt, eng radikal-liberal Beweegung, an och d'Zeitung Freie Presse.

De Clemang war 25 Joer laang Deputéierten an hat eng wichteg Roll beim Eisebunnsgesetz gespillt. Nodeem d'Regierung Prüm am Summer 1926 opgeléist gi war, gouf hien an der Regierung Bech Minister fir ëffentlech Aarbechten, Handel an Industrie,[2] eng Charge déi hie bis 1932[3] hat.

Referenzen an Notten

  1. Eng vun de Virleeferorganisatioune vun der Demokratescher Partei
  2. Memorial vum 16. Juli 1926
  3. Memorial vum 16. Abrëll 1932