Op den Inhalt sprangen

Alfred Houdremont

Vu Wikipedia
Alfred Houdremont
Gebuer 29. Januar 1860
Paräis
Gestuerwen 5. Mee 1925
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser

Den Alfred Houdremont, gebuer den 29. Januar 1860 zu Paräis, a gestuerwen de 5. Mee 1925 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Professer a Schouldirekter.[2]

Den Alfred Houdremont huet zu Lëtzebuerg, Stroossbuerg a Paräis studéiert. 1885 huet hie säin Doktorat zu Lëtzebuerg gemaach. Seng Spezialitéite ware Franséisch a Latäin. No senger Zäit als Stagiaire a Repetent krut hien 1890 eng Nominatioun als Professer 3. Klass am Atheneum an am Joer 1900 als Professer 2. Klass an der Industrieschoul, déi deemools nach mam Atheneum cohabitéiert huet. Am August 1904 gouf hien Direkter vun der Escher Industrieschoul.[2]

Den Alfred Houdremont war “membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. Vun 1905 bis 1921 war hie President vun der Escher Alliance française, déi hie gegrënnt hat. Hie war bis zu sengem Doud President vum Escher “Cercle horticole”.[2]

Am Éischte Weltkrich war hien 1914 zesumme mam Frantz Clément, Redakter vum “Tageblatt”, an dem Paul Schroell, Redakter vum “Landwirt”, vum däitschen Okkupant verhaft a wärend fënnef Wochen zu Koblenz an der Festung Ehrenbreitstein agespaart ginn.[3]

Den Alfred Houdremont war mat der Marie Schaack, der Schwëster vum Charles Schaack, bestuet. Si ass de 7. Juni 1860 an der Stad Lëtzebuerg op d'Welt komm an de 4. Januar 1928 zu Villerupt gestuerwen.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 7. Mee 1925
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 44.
    Luxemburger Tageblatt 1925-05-06, S. 3, Nr. 105 (Noruff an Doudesannonce).
  3. R. Schaack, 2015. Souvenirs de la guerre 1914-18: visite de Luxembourgeois emprisonnés à Coblence. Galerie 33(2015), Nr. 3, S. 330-337.
  4. Luxemburger Wort 1928-01-05, S. 4, Nr. 5 (Doudesannonce).
  5. Memorial N°4 vun 1923 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen