Amerikanesch-Samoa
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Baussegebitt vun den USA am Pazifik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Samoa (Homonymie). |
| Amerikanesch-Samoa US-Samoa | |||||
| |||||
| National Devise: Sāmoa, Muamua Le Atua („Samoa, looss Gott op der éischter Plaz sinn“) | |||||
| Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
| • Koordinaten: | 60° 06’ 5.4’’ N 19° 56’ 29.8’’ O | ||||
| Staatsform: | Baussegebitt vun den USA | ||||
| • Regierungschef: | Pula Nikolao Pula | ||||
| Fläch: | 199±1 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 49.710 | ||||
| Nationalhymn: | Amerika Samoa | ||||
| Wärung: | US-Dollar | ||||
| Zäitzon: | UTC -11 | ||||
| Internet TLD: | .as | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+1684 | ||||

Amerikanesch Samoa (en: American Samoa, sm: Sāmoa Amelika) ass e Baussegebitt vun de Vereenegte Staate vun Amerika am südleche Pazifik. Et ass en Deel vun de Samoainselen a stéisst am Südosten un den onofhängege Staat Samoa. Déi flächeméisseg gréisst Insel an déi mat de meeschten Awunner ass Tutuila, mam Haaptuert Pago Pago.
Wärend dem Zweete Weltkrich krut Amerikanesch-Samoa an de Joren 1942 bis 1945 temporär eng méi grouss strateegesch Bedeitung fir d'USA, well de Bau vun engem Stëtzpunkt fir d'Marinn an e Fluchhafen (Pago Pago International Airport) decidéiert gouf.
Eng besonnesch kulturell Eegenschaft vun der ganzer Inselgrupp ass d'Nieftenee vum modernen amerikanesche Liewensstil mat de samoaneschen Traditiounen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Amerikanesch Samoa ass de gréissten US-Territoire südlech vum Equator an erstreckt sech iwwer e puer Vulkaninselen an zwéi kleng Atollen a Polynesien:
- Tutuila, mat e puer méi klengen Inselen, dorënner Aunu'u,
- de Grupp vun Manuainselen mat Taʻū an Ofu-Olosega,
- de Swains Island Atoll an
- de Rose-Atoll.
Wichteg Uertschaften, nieft der Haaptstad Pago Pago sinn Tula Village, Amanave, Vaitogi an Tāfuna.
Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Offiziell Sproochen op Amerikanesch Samoa sinn Englesch an Samoanesch, eng polyneesesch Sprooch déi vun 90,6 % als Mammesprooch geschwat gëtt.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Amerikanesch-Samoa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
