André Scheuer

Vu Wikipedia
André Scheuer
Gebuer 2. Februar 1938
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 9. Februar 2019
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mathematiker, Enseignant

Den André Scheuer, gebuer den 2. Februar 1938 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 9. Februar 2019 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Mathematiker a Lycéesprofesser.[1][2]

De Professer[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Juli 1957 am Atheneum huet den André Scheuer op de „Cours supérieurs“ zu Lëtzebuerg an op den Universitéite vun Louvain (1958-1961) a Caen (Wantersemester 1961/62) Mathematik studéiert. No sengem lëtzebuergeschen Doktorat (Collation des grades) am Oktober 1962 huet hien am September 1963 seng Enseignantskarriär als Stagiaire am Iechternacher Kolléisch ugefaangen, wou hien am Januar 1966 seng Nominatioun als Repetent an am Dezember 1966 als Professer krut a bis zu senger Pensioun am Joer 1998 Mathematik enseignéiert huet.[2]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Den André Scheuer huet a senger Studentenzäit zu Louvain d'Course vum Georges Lemaître suivéiert[3] an huet iwwer dee bekannte belsche Mathematiker, Physiker an Astronom, Papp vun der Big-Bang-Theorie, am Dezember 2001 en ausféierlechen Artikel an der „Warte“ publizéiert. An e puer weideren Artikelen ass hien op verschidden aner Aspekter vun der Kosmologie agaangen.

Dem André Scheuer seng wëssenschaftlech Dissertatioun, déi hien 1965 am Kader vum prakteschen Examen um Enn vum Stage presentéiert huet, hat den Titel: Les fonctions elliptiques de Jacobi étudiées sur la base de la théorie du pendule simple.[4]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Scheuer, A., 2001. Georges Lemaître, père du Big-Bang. À l'occasion du 35e anniversaire de son décès. Die Warte 2001, Nr. 35 (6. Dezember), S. 1.
  • Scheuer, A., 2002. Pourquoi le ciel nocturne est-il noir? Le paradoxe d'Olbers de Chéseaux. Die Warte 2002, Nr. 14 (25. April), S. 4.
  • Scheuer, A., 2010. Le problème « des monopôles magnétiques ». La piste actuellement privilégiée est celle du modèle cosmologique inflationnaire. Die Warte 2010, Nr. 6 (11. Februar), S. 8.
  • Scheuer, A., 2012. Quelle est la place de l'Homme dans l'Univers? Die Warte 2012, Nr. 16. (10. Mai), S. 20.
  • Scheuer, A., 2013. La Cosmologie malmenée par Planck. Cartographie de l'univers. Précision des valeurs numériques de paramètres cosmologiques. Die Warte 2013, Nr. 14. (2. Mai), S. 7.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2019-02-12, S. 48 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 Email vum LCE-Direkter Henri Trauffler.
  3. Scheuer 2001.
  4. Strainchamps, Jean-Pierre-Roger, 1988. Cent cinquante ans de dissertations élaborées dans le cadre du stage ou de la formation continue des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur en Luxembourg et de contributions aux Programmes et aux Chroniques de l'E.S. 1837-1987. Dissertations classées par matières. Courrier de l'Education Nationale, No spécial, mai 1988, Luxembourg, S. 211.