André an d'dissident Stëmmen
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | Juni 2000 |
Dauer | 52 min |
Format | 16:9 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Donato Rotunno |
Fotografie | Jean-Paul De Zaetijd, Alain Marcoen, Patrice Michaux |
Musek | Daan |
Schnëtt | Pia Dumont |
Produzent | Marco Giusti (Tarantula Luxembourg), Joseph Rouschop (Tarantula Belgique), Philippe Callewaert (Het Gematigd Zeeklimaat), Marianne Osteaux (Centre vidéo de Bruxelles). |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
André an d'dissident Stëmmen, op Franséisch André et les voix dissidentes, ass en Dokumentarfilm vum Donato Rotunno aus dem Joer 2000.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film dréint sech ëm dem André Hoffmann, dee leschten Deputéierten, dee fir d'Kommunistesch Partei an d'Chamber gewielt gouf, a wéi hie mat senger Partei gebrach huet a säi Mandat opginn huet fir eng nei Beweegung, d'Nei Lénk, mat ze grënnen. Am Film gëtt gewisen, wéi hien 1999 fir hir Nofollgerbeweegung Déi Lénk erëm an d'Chamber gewielt gëtt, an et geet ëm parteilech Ideologie. De Film soll dozou ureegen, iwwer verschidde Saachen nozedenken.
Am Film sinn nieft dem André Hoffmann ënner anerem och d'Mélanie Noesen, den David Wagner, de Bernard Thomas, de Claude Ballini, den Nicolas Graf, den Henri Wehenkel an den Ali Ruckert ze gesinn.[1]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Film gouf mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong produzéiert.
En hat seng Première am Juni 2000 zu Esch, ass duerno op VHS-Kassett erauskomm a gouf 2001 nees am Kader vun der Semaine du documentaire luxembourgeois am Kino Utopia gewisen.[2][3] Zesumme mat engem aneren Documentaire vum Donato Rotunno, Terra Mia, ass en 2001 um Filmfestival vun Amiens gelaf.[2] E gouf am Januar 2002 och op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.[1]
Wat sot d'Press?
[änneren | Quelltext änneren]Entre le passé et le futur, ce film sur un militant aux prises avec ses doutes, ses combats et ses adversaires, propose et réussit ainsi en grande partie un exercice peu habituel au Luxembourg: le portrait d'un homme politique et, au-delà, un documentaire en prise directe avec la vie politique du Grand-Duché.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]Luxembourg News, 15. Juni 2000,
d'Lëtzebuerger Land, 16. Juni 2000,
Den Neie Feierkrop, 21. Juli 2000,
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- André an d'dissident Stëmmen um Site vun der Produktiounsgesellschaft Tarantula
- André an d'dissident Stëmmen um Site vum Lëtzebuerger Filmfong
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 paperjam.lu: André an d'dissident Stëmment sur RTL Lëtzebuerg (8. Januar 2002)
- ↑ 2,0 2,1 land.lu: Caméra militante vum Joséee Hansen (19. Abrëll 2001)
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 196
- ↑ forum.lu: „Si nous voulons rendre le monde meilleur, il faut le changer“ vum Viviane Thill, Forum Nr. 2003, Säit 63