Annette Schwall-Lacroix

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Villa Schwall-Lacroix, op Nr 20 am Eecherbierg.

D'Annette Schwall-Lacroix, gebuer de 16. Juli 1927 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 17. Mäerz 2013[1], war eng lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.

Si huet nom Krich zu Lëtzebuerg a Paräis Droit studéiert a gouf Affekotin. Mat anere Juristinnen huet si sech dofir agesat, datt d'Fraen zu Lëtzebuerg virum Gesetz net méi als onmëndeg sollte gëllen, wa se bestuet wieren: Bis d'Enn vun den 1960er Joren hu bestuete Fraen z. B. d'Autorisatioun vun hirem Mann gebraucht, fir kënnen e Bankkonto opzemaachen oder schaffen ze goen, an de Mann konnt, wann e wollt, hir Paie anzéien.[2] Op hiren Afloss hi gouf d'Gesetz iwwer d'Bestietnes ufanks der 1970er Joren ofgeännert.

Den 21. Juli 1975 gouf d'Annette Schwall-Lacroix, als éischt Fra, als Member vum Lëtzebuerger Staatsrot nominéiert. Si huet dat Amt bis de 16. Juli 1999 ausgeféiert, wéi si d'Altersgrenz erreecht huet.[3]

D'Annette Schwall-Lacroix war Matgrënnerin vun der Fédération Nationale des Femmes Luxembourgeoises a Member vun der Fédération Luxembourgeoise des Femmes Universitaires, déi s'am Conseil National des Femmes vertrueden huet.

Si war ausserdeem Presidentin vum Cercle des Amis de Colpach.[2]

2008 gouf si mam Prix Anne Beffort vun der Stad Lëtzebuerg ausgezeechent.[2]

D'Annette Schwall-Lacroix, e Kandskand vum Léandre Lacroix, war mam Jurist a Riichter Georges Schwall bestuet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Durlet, Porträt einer aussergewöhnlichen Frau - Annette Schwall-Lacroix: Vorkämpferin für Frauenrechte ; in: Tageblatt, Ausgab vum 5. Mäerz 2009 (Nr. 54).
  • Luxemburger Wort Nr. 67 vum 20. Mäerz 2013: S. 4: Annette Schwall-Lacroix † a S. 67: Doudesannonce

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Roger Infalt, "Vorkämpferin für Frauenrechte"; in: Tageblatt, Ausgab vum 19. Mäerz 2013
  2. 2,0 2,1 2,2 "Annette Schwall-Lacroix erhält Prix Anne Beffort" op CID Femmes.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn