Apocalyptica

Vu Wikipedia
Grënnung: 1993
Genre: "Cello Rock"
Website: http://www.apocalyptica.com
Grënnermemberen
Violoncello: Eicca Toppinen
Violoncello: Paavo Lötjönen
Violoncello: Max Lilja (bis 2002)
Gittar: Antero Manninen (bis 1999)
Aktuell Memberen
Violoncello: Eicca Toppinen
Violoncello: Paavo Lötjönen
Violoncello: Perttu Kivilaakso (zanter 1999)
Battrie: Mikko Sirén (zanter Dezember 2005)

Apocalyptica ass eng finnesch Rockgrupp, déi op Celloe spillen. Hire Museksstil ass awer net sou einfach anzeuerdnen, vill Leit bezeechnen d'Museksrichtung dofir als Heavy Cello Chaos oder och nach als Rock'n'Holz. Si sinn déi éischt Museker, déi mat Klasseschen Instrumenter, Hardrock a Metal spillen.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Apocalyptica besteet momentan aus 3 klassesch ausgebilten Cellisten, déi alleguer en Ofschloss un der Sibelius Akademie hunn. Well hiren éischten Album (Plays Metallica By Four Cellos, 1996) e Risenerfolleg war (e gouf wäit iwwer 800.000-mol verkaaft), hunn déi dräi beschloss, mat der Ufanks als Spillerei geduechter Musek weiderzemaachen.

D'Grupp besteet aus den Cellisten Eicca Toppinen, Paavo Lotjonen a Perttu Kivilaakso. Den Trio gëtt zanter kuerzem duerch den Drummer Mikko Siren ënnerstëtzt.

Zanter Dezember besteet Apocalyptica nees aus véier Bandmemberen. De Batteur Mikko Sirén, dee se schonn op hiren Touren ënnerstëtzt huet, gehéiert elo offiziell zu der Band.

Den 12. Mee ass d'Band bei der Eurovisioun an Helsinki opgetrueden, dëst als Special Act wärend der Paus, wou d'Stëmmen ausgezielt goufen. Hei hu s'e Meddley vun neien a méi ale Lidder wéi zum Beispill "Worlds Colide", "Faraway" a "Life Burns" zum Beschte ginn.

Worlds Colide (2007)[änneren | Quelltext änneren]

De 14. resp. de 17. September 2007 ass hire sechste Studiosalbum mam Titel "Worlds Colide" erauskomm. Déi éischt Singleauskopplung stellt de Song I'm not Jesus duer, dee se zesumme mam Stone Sour-Frontmann Corey Taylor opgeholl hunn. Extra un deem neien Album ass, datt dëse méi Lidder mat vokaler Ënnerstëtzung huet. Weider Beispiller wieren den David Bowie-Cover Helden (resp. Heroes) mam Till Lindemann vu Rammstein, I Don't Care mam Adam Gontier oder SOS mam Cristina Scabbia vu Lacuna Coil.

Apocalyptica an Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Filmer, fir déi Apocalyptica d'Titelsongs bäigesteiert hunn[änneren | Quelltext änneren]

Spiller, fir déi Apocalyptica d'Titelsongs bäigesteiert hunn[änneren | Quelltext änneren]

Apocalyptica mat verschiddene Gaaschtsänger[änneren | Quelltext änneren]

Apocalyptica zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996 - Plays Metallica By Four Cellos
  • 1998 - Inquisition Symphony
  • 2000 - Cult
  • 2001 - Cult - Special Edition
  • 2002 - Best of Apocalyptica(nëmmen a Japan publizeiert ginn)
  • 2003 - Reflections
  • 2005 - Apocalyptica
  • 2006 - Amplified – A Decade of Reinventing The Cello (Best of)
  • 2007 - Worlds collide
  • 2010 - 7th Symphony
  • 2015 - Shadowmaker
  • 2020 - Cell-0

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996 - Apocalyptica
  • 1998 - Harmageddon
  • 2003 - Path Vol. 2 feat. Sandra Nasic
  • 2002 - Hope Vol 2. feat. Matthias Sayer
  • 2003 - Faraway Vol 2. feat. Linda Sundblad
  • 2003 - Seemann feat. Nina Hagen
  • 2004 - Bittersweet (mam Villa Vallo a Lauri Ylönen
  • 2005 - How Far/Wie weit (mam Marta Jandová)
  • 2005 - Life Burns (mam Lauri Ylönen)
  • 2006 - Repressed (mam Max Cavalera a mam Matt Truck)
  • 2007 - I'm not Jesus (mam Corey Taylor)
  • 2008 - SOS (Anything but Love)(mam Critina Scabbia)
  • 2008 - I Don't Care (mam Adam Gontier)
  • 2010 - End of Me (mam Gavin Rossdale)
  • 2010 - Broken Pieces (mam Lacey Mosley)
  • 2010 - Not Strong Enough (mam Brent Smith)
  • 2011 - Not Strong Enough (mam Doug Robb, Us version)
  • 2015 - Cold Blood
  • 2015 - Sin in Justice (mam Vamps)
  • 2019 - Me Melkein Kuoltiin (mam Sanni & Tippa)

Dvd[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001 - Live (in Munich)
  • 2003 - Collectors Box Set (zwei CDs und eine Live-DVD)
  • 2003 - Reflections (Bonus beim Reflections Revised Album)
  • 2006 - The Life Burns Tour
  • 2007 - I'm Not Jesus (Bonus beim Worlds Collide - Special Edition Album)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apocalyptica – Biller, Videoen oder Audiodateien