Op den Inhalt sprangen

Argyre Planitia

Vu Wikipedia
Argyre Planitia
Topographie opgeholl vum MOLA, Instrument vum Mars Global Surveyor
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Breet -49.84
Längt 316.69
Duerchmiesser 893 km
Déift 5000 m
Alter ronn 3,9 Mrd.
Entdecker
Genannt nom Numm leet sech aus dem
Algriicheschen of a bedeit
souvill wéi „Sëlwreg Fläch“
De Südoste vun der Regioun Argyre Planitia, opgeholl vun der Sond Mars Global Surveyor (2002). Riets ënnen am Bild de Krater Galle.

D'Argyre Planitia ass eng kreesfërmeg Déiffläch op der südlecher Hemisphär vum Planéit Mars. Argyre Planitia ass nom Hellas Planitia an dem Isidis Planitia dat drëttgréisst Aschlagbecken um Mars.

Den Zentrum vum Gebitt ass op 49,4° südlecher Breet an 42,8° westlecher Längt. D'Fläch läit tëscht den Héichlandregiounen Aonia Terra an Noachis Terra.

D'Argyre Planitia entstoung viru ronn 3,9 Milliarde Joer, wärend der geologescher Fréigeschicht vum Planéit, duerch den Impakt vun engem grousse Meteorit. D'Aschlagbecken huet en Duerchmiesser vu ronn 900 km a läit duerchschnëttlech 5 km méi déif wéi Nopeschregioune. Um Buedem vum Dall sinn en ettlech grouss Impaktkrateren, de gréissten dovun, den Hooke (44° 55′ S, 44° 24′ W7) op sengem Nordrand, huet en Duerchmiesser vun 138 km. An der Mëtt vun den Hiwwele vum ëstleche Kraterrand, op der Grenz mat Noachis Terra, läit den 224 km groussen Impaktkrater Galle (50° 38′ S, 31° 0′ W7). Doriwwer eraus hiewe sech relativ schaarf ofgegrenzt Fielsformatiounen aus dem Flaachland ervir.

Portal Astronomie

Commons: Argyre Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien