Astrid vu Schweden
Astrid vu Schweden | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
17. November 1905 Arvfurstens Palais |
Gestuerwen |
29. August 1935 Küssnacht am Rigi |
Bestuet mat | Leopold III. vun der Belsch |
Papp | Carl vu Schweden |
Mamm | Ingeborg vun Dänemark |
Geschwëster | Margaretha vu Schweden, Märtha vu Schweden, Carl Bernadotte |
Kanner | Joséphine-Charlotte vun der Belsch, Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch |
D'Astrid Sofia Lovisa Thyra vu Schweden aus dem Haus Bernadotte, gebuer de 17. November 1905 zu Stockholm als Prinzessin vu Schweden, a gestuerwen den 29. August 1935 zu Küssnacht am Rigi, war duerch Bestietnes mam Leopold III., Kinnigin vun de Belsch.
Si war d'Mamm vun der Joséphine- Charlotte, der spéiderer Fra vum Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg, souwéi vun den zwéi Kinneke Baudouin an Albert II.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Astrid war déi drëtt Duechter vum Prënz Carl vu Schweden, Herzog vu Västergötland (1861–1951), Jong vum Kinnek Oskar II. vu Schweden, a senger Fra, der Prinzessin Ingeborg vun Dänemark (1878–1958), Duechter vum dänesche Kinnek Frederick VIII. aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg a seng Fra Louise vu Schweden-Norwegen. Hir Schwëster Märtha huet sech an d'norwegesch-kinneklech Famill abestuet. Si hat e méi jonke Brudder, de Carl (1911–2003) an eng aner Schwëster d'Margaretha vu Schweden.
De 4. November 1926 huet d'Prinzessin Astrid zu Stockholm de Leopold III. (1901–1983) bestuet, dee méi spéit Kinnek vun de Belsch gouf. D'Koppel krut dräi Kanner:
- Joséphine-Charlotte (1927–2005) ⚭ 1953 Jean vu Lëtzebuerg,
- Baudouin (1930–1993), Kinnek vun de Belsch ⚭ 1960 Doña Fabiola de Mora y Aragón (1928–2014),
- Albert II. (* 1934), Kinnek vun de Belsch ⚭ 1959 Prinzessin Paola Ruffo vu Kalabrien.
Doud
[änneren | Quelltext änneren]Den 29. August 1935 huet de Kinnek Leopold op enger Strooss bei Küssnacht am Rigi um Ufer vum Vierwaldstätterséi d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an e géie Rampli erofgefall. D'Kinnigin gouf beim Accident aus dem Auto eraus, an e Bam geschleidert an ass nach op der Plaz un enger schwéierer Kappverletzung gestuerwen.
D'Gemeng Küssnacht huet dem Leopold den Terrain op deem d'Accident geschitt war iwwerlooss, an de Kinnek huet eng Gedenkkapell fir d'Astrid baue gelooss.
Erënnerungen
[änneren | Quelltext änneren]-
Büst am Parc vu Wisterzée
-
Stroosseschëld um Belair
-
Memorial zu Laeken
-
Statu an der Keizersplein zu Aalst
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Fir un d'Astrid z'erënneren, gouf um Belair an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no hir genannt: d'Rue Astrid leeft vun der Rue Arthur-Herchen bis op d'Place de France.
Soss doruechter
[änneren | Quelltext änneren]- Mémorial Reine Astrid zu Laeken,
- Square Astrid zu Arel
- Monument am Parc vu Wisterzée zu Court-Saint-Étienne,
- Astrid-Kapell zu Küssnacht.
- Koningin Astridplein zu Antwerpen
- Place de la Reine-Astrid zu [[Paräis)
- Place Reine Astrid zu Visé
- Statue an der Keizersplein zu Aalst
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Dame grand cordon vum Ordre de Léopold (Belgique).
- Dame noble vum Theresienuerden
- Dame noble vum Stärekräizuerden (Éisträich-Ungarn).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Astrid vu Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien |