Astrophysikaleschen Observatoire Şamaxı
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Instrumenter | |
---|---|
Geographesch Situatioun | |
Land | Aserbaidjan |
Koordinaten | 40°46'55"N, 48°35'48"O |
Héicht | 1.500 m |
De Astrophysikalesche Observatoire Şamaxı (aserbaidjanesch: Nəsirəddin Tusi adına Şamaxı Astrofizika Rəsədxanası) ass en Observatoire vun der Aserbaidjanescher Akademie vun de Wëssenschaften. E steet an de Grousse Kaukasus am Aserbaidjan op enger Héicht vu 1.435 Meter, 22 Kilometer nordwestlech vun der Stadt Şamaxı an 144 Kilometer nordwestlech vu Baku. Et ass de bedeitendsten Observatoire am Aserbaidjan. Et huet am Ganze véier Teleskope.[1]
Fuerschungsschwéierpunkten am Wise Observatoire si Galaxien, d'Sich no Exoplanéiten, souwéi d'Opspiere vun Asteroiden a Koméiten.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Observatoire gouf 1958 vum Yusif Memmedaliyev gegrënnt a war ee vun den Zentre fir Astronomie vun der Sowjetunioun. Et gouf 1960 ageweit.[1]
Méi wéi dausend Asteroiden, Koméiten an aner Himmelskierper goufen um Observatoire entdeckt.[1]
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]Haaptteleskop vum Observatoire ass de 2,0 m Carl Zeiss Eenzelspigelteleskop.[1]
Dëst fir d'Spektroskopie optiméiert Spigelteleskop ass dat gréisst aserbaidjanescht optescht Teleskop. Et gouf 1966 a Betrib geholl.[1]
Den Observatoire huet och klengen Teleskopen. Zortéiert no hirer Apertur sinn dat:
- 70 cm AZT-8 Cassegrain-Teleskop
- 60 cm Zeiss-600 Cassegrain-Teleskop
- 35 cm Catadioptric-Teleskop.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Astrophysikaleschen Observatoire Şamaxı – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (az) (en) Offiziell Websäit