Avioth
Ausgesinn
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue op d'Basilika vun Avioth | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meuse | ||||
Arrondissement | Verdun | ||||
Kanton | Montmédy | ||||
Postcode | 55600 | ||||
Gemengecode | 55022 | ||||
Koordinaten | 49° 33’ 59’’ N 05° 23’ 28’’ O | ||||
Fläch | 640 ha | ||||
Bevëlkerung | 115 (1999) |
Avioth ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meuse.
D'Dierfchen Avioth, net wäit vun der Abtei vun Orval, huet fréier zur Grofschaft Chiny gehéiert, déi selwer 1364 eng "Annexe" vum Herzogtum Lëtzebuerg gi war. 1659 ass Avioth, wéi déi ganz Géigend rondrëm mat Montmédy a Carignan, duerch den Traité vun de Pyrenäen u Frankräich komm.
Avioth huet eng aussergewéinlech schéi gotesch Basilika, déi an der Haaptsaach aus dem 13. a 14. Joerhonnert staamt.
Avioth war an ass eng wichteg Pilgeruertschaft (ë. a. de 16. Juli).
Fir d'Drénkwaasser gëtt Avioth vun der belscher Nopeschgemeng Meix-devant-Virton beliwwert, an zwar aus de gefaasste Quelle bei Robelmont.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Armand Durlewanger, Notre-Dame d'Avioth ; Colmar-Ingersheim (Drock: S.A.E.P.), 1979; 24 Säiten, ill. (Fotoen an Zeechnungen).
Geographesches
[änneren | Quelltext änneren]Avioth ass eng 60 Stroossekilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Meuse
- Arrondissementer am Departement Meuse
- Kantonen am Departement Meuse
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meuse
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Avioth – Biller, Videoen oder Audiodateien |