Aérospatiale
Ausgesinn
Aérospatiale | |
---|---|
Kategorie | Aktiegesellschaft |
Grënnung | 1970 |
Opléisung | 2000 |
Opléisungsgrond | Iwwerholl duerch EADS |
Sëtz | Paräis, Frankräich |
Homepage |
Aérospatiale war en Hiersteller vun zivillen a militäresche Fligeren, Rakéiten an Helikopteren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De franséische Loftfaart- a Rëschtungskonzern Société Nationale Industrielle Aérospatiale (SNIAS) entstoung 1970 aus dem Zesummeschloss vun den deemools verstaatlechten Entreprisë Sud Aviation, Nord Aviation a SEREB. 1984 gouf den Numm op Aérospatiale geännert.
1998 hat Aérospatiale mat Matra Haute Technologie (enger Duechter vum franséische Matra-Konzern) zu Aérospatiale-Matra fusionéiert, déi den 10. Juli 2000 mat aneren europäeschen Entreprisen zu der EADS fusionéiert huet.
Projeten
[änneren | Quelltext änneren](Bedeelegung als Aérospatiale)
- Airbus A300, (1972)
- Concorde
- Mistral (Rakéit), (1977)
- Avions de Transport Régional, ATR Regionalfliger (1981)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aérospatiale – Biller, Videoen oder Audiodateien |