Op den Inhalt sprangen

Bambësch

Vu Wikipedia
Bambësch
Beim « Kielenerwee » am Bambësch am Wanter 2024
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Rollengergronn, Millebaach, Beggen
Koordinaten 49°38'13,16"N, 6°5'43,37"O
Fläch 679 ha
Den CR 181, Ofzweigung Rue des Sept-arpents, am Bambësch

De Bambësch ass e Bësch an der Gemeng Lëtzebuerg. E läit an der Quartiere Rollengergronn, Millebaach a Beggen am Norde vun der Stad.

De gréissten Deel läit op engem Plateau tëscht dem Reckendall an dem Briddel op enger Duerchschnëttshéicht vun 326 Meter. De Bambësch huet eng Fläch vu ronn 679 ha, an ass domat nieft dem Gréngewald ee vun den zwéi gréisste Bëschmassiver zu Lëtzebuerg.

Am Süden a Weste gëtt de Bambësch begrenzt duerch d'Millebaach an d'N12 déi vun de Siwebueren op Koplescht féiert an do op enger grousser Streck praktesch d'Grenz mécht tëscht dem Bambësch an dem Stroossener Bësch, am Norden ass et den CR181 vun der Gafelung vum Wee fir op d'Juegdschlass un, bis op de Rond-point mat dem CR215, an ongeféier 170 Meter duerno an Direktioun Koplescht e Bëschwee tëscht dem Bambësch an dem Roudebësch deen op der N12 erauskënnt. Am Osten ass et e Feldwee dee vum Juegdschlass aus iwwer d'Eecher Feld féiert an op Siwemuergen an der Millebaach erauskënnt.

De Bambësch gehéiert zum „Habitatgebitt Mamer- an Äischdall“ an domat zu den Natura 2000-Gebidder zu Lëtzebuerg.

Commons: Bambësch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Kommunale Wälder“ mat Informatiounen iwwer de Bambësch, op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 21. Juli 2024)